Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impakt vun Impfungen, mee och vu Virusvarianten

Riicht Eraus mam Tom Dominique

Impakt vun Impfungen, mee och vu Virusvarianten

D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Covid-Patiente géif erofgoen, d'Unzuel un Hospitalisatiounen awer erop: Et wier nach ze fréi fir genee ze soe, wéi et weider geet, esou eisen Invité Tom Dominique.

auto_stories

3 min

D'Altersmoyenne vun den Hospitalisatioune fänkt un zeréckzegoen, wat op d'Impfunge vun den eelere Leit zeréckzeféiere misst sinn. Dat sot den Tom Dominique, IGSS-Direkter a Responsabele vum Monitoring vun der Covid-Cellule de crise, am 100,7-Interview. En Impakt op d'Unzuel un Hospitalisatioune géif een awer net sou séier gesinn, well déi lescht Méint vill infizéiert Persounen an den Altersheemer bliwwe sinn an also net hospitaliséiert goufen, esou den Tom Dominique.

Méi Hospitalisatioune wéinst Varianten?

Trotzdeem klammen d'Hospitalisatiounen: et hätt een déi Situatioun am A. Dat kéint un de méi ustiechende Virusvariante leien, déi zu Lëtzebuerg well iwwer d'Hallschent vun den Neiinfektiounen ausmaachen. Den Tom Dominique verweist op eng dänesch Etüd, där no déi méi ustiechend Varianten zu 67 Prozent méi Hospitalisatioune féiere kéinten.

Lëtzebuerg hätt déi lescht 12 Méint ganz vill positiv Fäll detektéiert, wat op e Mix vu Mesuren zeréckzeféieren wier: de gudde Reseau vun den Hausdokteren, de séieren Accès zu engem PCR-Test, de Contact Tracing an de Large-Scale-Testing. All zéngten Awunner hätt Antikierper am Blutt, an och ongeféier all zéngte Bierger wier schonn eng Kéier positiv getest ginn.

Feeler bei den Impf-Invitatiounen

Weider huet den Direkter vun der Inspection Générale de la Sécurité Sociale an eiser Emissioun Riicht Eraus d'Responsabilitéit fir Feeler bei den Impfinvitatiounen iwwerholl: wärend der Phas 1 goufen duerch en Iertum all d'Gemengesyndikater ugeschriwwen. Et hätt ee wëllen een interkommunaalt Syndikat uschreiwen, dat am Spidolssecteur aktiv ass. Dobäi wiere se awer all ugeschriwwe ginn. Dee Feeler wier fréi entdeckt ginn, well Leit sech manifestéiert hunn, an d'Invitatioune wieren dunn annuléiert ginn.

Wéi mir dat schonn an Februar gemellt haten, gouf et eng weider Pann: d'Mataarbechter vu Patronen, déi am Gesondheets- a Fleegesecteur aktiv sinn, goufen invitéiert. Dobäi goufen och Mataarbechter ugeschriwwen, déi bei deene Patrone schaffen, awer aner Aktivitéiten hunn.

Den Tom Dominique erkläert, datt dat un der Confidentialitéit vun den Date läit. Et hätt ee sech op déi anonymiséiert Datebanke vun der IGSS baséiert, an op déi jeeweileg Nace-Coden: "Mir waren domat net ëmmer sécher zu Honnert Prozent déi ze treffen, déi ënner d'Phas 1 falen". Och do hätte Leit sech gemellt, deenen de Feeler opgefall wier.

Wichteg wier, datt ee keng arbiträr Krittäre gehat hätt an um Enn, nodeems d'Feeler behuewe gewiescht wieren, och déi erreecht hätt, déi een hätt wëllen erreechen. Sou Feeler wieren awer net glécklech, an hie wier och net frou driwwer a géif d'Responsabilitéit dofir iwwerhuelen, esou den IGSS-Direkter.

Wéi vill Leit fälschlecherweis ugeschriwwe goufen, a wéi vill vun deene Leit sech effektiv impfe gelooss hunn, hu mer bei der Santé nogefrot. Eng Äntwert läit nach net vir.

Pensiounssystem: Aktualiséiert Zuele bis Enn 2021

Den Tom Dominique huet och confirméiert, datt d'Inspection Générale de la Sécurité Sociale bis Enn vum Joer wëllt d'Parametere vum Pensiounssystem aktualiséieren. Da réischt kéint ee soen, wéini d'Recette viraussiichtlech net méi duergi fir d'Pensiounen ze decken. Basis elo hätt d'Politik op Basis vu Constaten déi néideg Decisiounen an aller Serenitéit geholl, esou den héije Staatsbeamten.

Den Tom Dominique ass dës Woch als President vum Wirtschafts- a Sozialrot gewielt ginn. Déi nächst zwee Joer wiere fir hien d'Theemen Digitaliséierung, ekonomesch Relance an Nohaltegkeet prioritär, sot de geléierte Physiker an eiser Emissioun Riicht Eraus.