Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr. 40 a Sol Mineur, K. 550, III. Menuetto. Allegretto - Trio - Berliner Philharmoniker, Simon Rattle (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Impfdrängler": Parquet huet Enquête préliminaire lancéiert

Onreegelméissegkeeten

"Impfdrängler": Parquet huet Enquête préliminaire lancéiert


Am Kontext vun de méiglechen "Impfdrängler" am Centre Hospitalier du Nord ass d'nämmlecht wéi fir d'HRS an der Stad, eng Enquête préliminaire um Parquet Dikrech amgaangen. Als méiglech Strofdote stinn den Abus de confiance a Vol domestique am Raum. Dat kann natierlech erweidert ginn, jee nodeems wéi sech d'Enquête entwéckelt, sou e Justizspriecher.

auto_stories

1 min

23 Leit aus dem Spidolssecteur an eng Persoun aus dem Fleegesecteur hu sech impfe gelooss obwuel et dee Moment nach net un hirem Tour war. Dat sinn déi Fäll, déi der Regierung bekannt sinn, schreift d'Gesondheetsmisitesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement.

D'Konsequenzen dovu wiere vun de Spideeler selwer geholl ginn, dat jee no Gravitéit vum Fall. Dat ka vu Sanktioune goe bis zu enger Plainte beim Parquet. Et hätten awer och eng Rei Leit Invitatioune kritt déi näischt mat dem Impfgrupp ze dinn haten. Hei hätt et sech em technesch Feeler gehandelt.