Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nea Lone - What Does It Take?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfe fir sech an d'Kanner ze schützen

#RiichtEraus

Impfe fir sech an d'Kanner ze schützen

Zu Lëtzebuerg sinn d'Infektioune mam Coronavirus bannent de leschte Woche geklommen. Aktuell sinn e bësse méi ewéi zwee Drëttel vun der gesamter Populatioun, dat heescht Kanner ënner zwielef Joer mat abegraff, geimpft. Dat geet bei Wäitem net duer fir d'Pandemie ofzebremsen. Et gëllt elo solidaresch ze si mat de Kanner déi sech nach net kéinten impfen. Dat war ee vun de Messagen an der Emissioun Riicht Eraus, un där de Generalist a Member vum Conseil Supérieur des maladies infectieuses de Jean-Paul Schwartz an de Psychiater Jean-Marc Cloos Deel geholl hunn.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / KsyuOnisk

Eng Impfflicht géint de Covid19 kéint d'Pandemie stoppen, doriwwer wier ee sech eens, betount den Dokter Jean-Paul Schwartz. Senger Meenung no wier eng generell Impfflicht awer eng Illusioun hei zu Lëtzebuerg. Mee bei de vulnerabele Persoune wier esou eng obligatoresch Vaccinatioun beim Fleegepersonal absolut wichteg.

Zur Impfflicht ass den Dokter a Psychiater Jean-Marc Cloos méi determinéiert.

"Wa mer eis alleguerte wëlle schützen an och eis Kanner wëlle schützen, da wäerte mer och an déi Richtung musse goen. Ech sinn der Meenung datt Éisträich do wierklech Courage gewisen huet. Et géifen natierlech och Leit ginn déi dogéint protestéieren, mee eng Impfflicht hätt et scho laang missten am Gesondheetssecteur an och am Educatiounssecteur sinn, a wann et an deenen zwee Secteuren do ass, da soll dat kënne fir déi ganz Bevëlkerung agesat ginn."

Et wier och un der Zäit déi ongeimpfte Kanner ze schützen, sou de Jean-Marc Cloos. "Wat mir eis méi impfe loossen, wat mir eis ongeimpfte Kanner méi kënne behidden."

PCR-Covid-Test nëmme fir Kranker a Kontaktpersounen

De Virus kéim elo nach iwwert d'Personal an iwwert de Besuch an d'Altersheemer eran. De Schnelltest wier do net ëmmer d'Léisung, well dee bannent e puer Stonne kéint positiv ginn.

De PCR- oder Schnelltest misst nëmmen agesat gi fir Leit déi krank sinn oder fir Leit déi a Kontakt mat engem Infizéierte waren, preziséiert de Jean-Paul Schwartz. Et wier fir net geimpfte Leit kee Schutz virum Virus.

Den Dokter Jean-Marc Cloos

Aus dem Grond wier hien och géint d'Bongen déi d'Stad Lëtzebuerg ubitt, fir sech fir fënnef Euro an enger Apdikt testen ze loossen. Och de Jean-Marc Cloos deelt déi Meenung. Hie plädéiert fir de 2G+ bei engem Treffen, dat heescht entweder geheelt oder geimpft an zousätzlech een Test.

Trotz Impfduerchbréch bremst de Vaccin d'Iwwerdroung of

Datt et Impfduerchbréch gëtt wier vun Ufank u kloer gewiescht, sou d'Experten, mee d'Impfung géif viru schlëmme Krankheetsverleef a virun Hospitalisatioune schützen. Et gi bei de Geimpfte Persounen och vill manner Longcovid-Fäll. Et sinn dëst déi Persounen déi no enger Infektioun bleiwend gesondheetlech Problemer behalen. Ee Longcovid kann een och no engem onsymptomatesche Verlaf entwéckelen.

D'Charakteristike si ganz ënnerschiddlech, bekannt ass de Verloscht vum Gerochssënn oder dem Schmaachen, et ginn nach aner neurologesch Problemer, erkläert de Jean-Paul Schwartz.

Den Dokter Jean-Paul Schwartz

"Dat hu mer och bei aner Virussen. Bei der Mononucleose zum Beispill, do kann een och ganz laang, ee Joer dono drënner leiden. De Roger Federer huet ee Joer laang keen Tennis gespillt, wéi hien d'Mononucleose hat. Do ass een einfach schwaach, midd. Et kënnt een net op säin normale Leeschtungsprofil erop. D'Long ass och geschiedegt. Am Scanner gesäit een dat eendeiteg, wéi se um Ufank vun der Erkrankung sinn. Déi Patiente brauchen heiansdo ee Joer, bis datt se ouni Medikamenter kënnen normal ootmen a sech beweegen."

Opfrëschungsimpfung änlech ewéi bei aner Vaccinen

D'Regierung huet leschte Freideg annoncéiert datt Persounen iwwer 18 Joer eng zousätzlech Impfung kënne kréien, dës Opfrëschung oder Boosterimpfung wier néideg fir sech weiderhin ze schützen, änlech ewéi bei aner Vaccinen, erkläert de Jean-Paul Schwartz:

"Et ka gutt sinn datt eng Coronaimpfung grondsätzlech dräi Injektioune brauch. Mir si jo nach ëmmer am Ufank. Mir hunn den Impfstoff zanter Summer d'lescht Joer an et ka sinn datt de Corona Vaccin einfach dräi Dosisse brauch. Da bräicht ee fir d'Grundimmunisierung dräi Dosissen. Dat wäerte mer eréischt an engem Joer oder an zwee Joer wëssen. Bei der Hepatite brauch een der och dräi."

Appell sech bei Schwangerschaften impfen ze loossen

Explizitt mécht den Dokter Jean-Paul Schwartz een Appell u Fraen sech impfen ze loossen, an dat besonnesch bei Schwangerschaften. Bei enger Covid-Ustiechung riskéieren d'Fraen an de Puppelchen ee schlëmme Krankheetsverlaf ze hunn.