Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfen ass humanistesch!

Fräie Mikro

Impfen ass humanistesch!

D'Corona-Zuele sinn erschreckend. De Bob Reuter, Präsident vun AHA Lëtzebuerg, äussert sich dowéinst an engem Statement zur aktueller Lag - an deelt een dréngenden Appell vun der Humanistischer Gemeinschaft aus Hessen, déi hirersäits zum Impfen opruffen.

auto_stories

4 min

De Bob Reuter ass President vun der AHA. Foto: Archiv

Mir befannen eis de Moment an enger ganz schwiereger Lag. Fir se ze meeschteren, brauche mer ee séiert Handele vun der Politik a vun der Gesellschaft.

Eis humanistesch Frënn aus Hessen, an Däitschland, hunn dozou ee staarken Opruff verëffentlecht. Deem wollt ech mech heimat uschléissen an iech - an d'Lëtzebuergescht iwwersat a liicht gekierzt - mat op de Wee ginn. Sou Ufanks Januar kann deen een oder dat anert sech jo dovunner inspiréiert fillen, fir sech "ee gudde Virsatz fir d'neit Joer" ze huelen.

D'Zréckhalung ass net ze verstoen

Mir stinn nees matzen an enger Corona-Well an eng nächst kann een am Moment net ausschléissen. Dat heescht: Vill Leit ginn erëm krank, anerer mussen esouguer op der Intensivstatioun behandelt ginn, leide Wochen, Méint, vläicht Joren u Post-COVID a jo, ze vill Leit stierwen erëm. An d'Zuele wäerten aller Warscheinlechkeet no weider klammen!

Mee dat Batterst ass: Mir hätten dës Entwécklung relativ einfach kënne verhënneren. A Rekordzäit hunn d'Wëssenschaftler*innen et fäerdeg bruecht effektiv a sécher Impfungen ze entwéckelen an se en masse ze produzéieren. Mee et feelt ëmmer nach ville Leit un der Bereetschaft sech ze impfen!

Dës Zréckhalung ass onverständlech aus der Siicht vum prakteschen Humanismus, dee souwuel op kriteschem, rationalem Denke wéi och op Empathie a Solidaritéit baséiert.

Aus humanistescher Siicht soll ee sech impfe loossen

Eng Volleksweisheet beseet: D'Fräiheet vum Individuum gëllt net onageschränkt. Si hält do op, wou d'Fräiheet an d'physesch Integritéit vun Anere betraff sinn. Fir humanistesch gesënnte Leit ass et selbstverständlech, datt Fräiheet ëmmer Hand an Hand mat Verantwortung geet. Soss géif si an Narzissismus a Récksiichtslosegkeet ofrutschen.

Aus der Siicht vum kriteschen-rationalen Humanismus ass den Effort, fir Decisiounen aus dem verfügbaren evidenzbaséierte Wëssen ofzeleeden, grad esou natierlech. An de wëssenschaftleche Konsens iwwer d'Impffro ass kloer: Impfe schützt! - Souwuel den eenzele Geimpfte wéi och d'Gesellschaft.

Impfe wierkt: d'Statistike si kloer

Jo, d'Impfstoffer goufen a Rekordzäit entwéckelt. Awer et goufe keng Ofstrécher bei der Zouloossung wat d'Sécherheet ugeet. Zousätzlech goufen et nach ni Impfungen, deenen hir Sécherheet an Niewewierkungen sou suergfälteg iwwerwaacht goufe wéi d'Corona-Impfungen. Einfach well nach ni sou vill Leit an esou kuerzer Zäit geimpft goufen. Dëst schaaft eng riseg statistesch Kloerheet fir ganz seelen Niewewierkungen iwwerhaapt ze bemierken.

Nee, déi ominéis Laangzäitfolge sinn net ze fäerten. Wat net bannent sechs Deeg no der Impfung erschéngt, wäert sech och net no sechs Woche weisen, a scho guer net no sechs Joer.

Jo, Geimpfter kënnen infizéiert ginn trotz der Impfung, si kënne krank ginn a si kënnen anerer infizéieren. Awer all dëst ass vill manner warscheinlech wéi bei ongeimpfte Leit. D'Virelaascht ass, am Duerchschnëtt, bei infizéierte geimpfte Leit wesentlech méi kléng an de Verlaf vun der Krankheet ass wesentlech méi mëll.

Dat mat de Warscheinlechkeete mécht et immens abstrakt, fir muncher een ze abstrakt! Awer d'Impfung schützt, d'Statistike si kloer. Et ginn tragesch Géigebeispiller, awer si si vernoléissegbar am Verglach. D'Statistike schloen d'Anekdot ... wéinst der grousser Mass u Fäll déi se beinhalten!

Eng Fro vu Verwantwortung

Jo, déi politesch Decideuren hu sécher net ëmmer alles richteg gemaach. Awer ass dat e Grond fir sech net ze impfen? Nee natierlech net! Jiddweree soll säin Deel maache fir d'Situatioun ze entschäerfen. Sech impfe loosse schléisst d'Kritiséiere vun den Decideuren net aus!

Nee, d'Fro, ob ee sech soll impfen oder net ass méi wéi eng reng privat Fro! Jiddwereen deen net geimpft ass, wann et keng medezinesch Grënn dogéint gëtt, dréit zu enger vermeidbarer Belaaschtung vun der Allgemengheet bäi.

Dem Max Weber senger Verantwortungsethik no ass jiddweree responsabel fir déi abseebar Konsequenze vun sengen Handlungen! - D'Konsequenze vun enger ongerechtfäerdegter Impfweigerung sinn abseebar a potenziell dramatesch!

Wéini, wann net elo, solle mer all déi, déi an eisem perséinlechen Ëmfeld zécken an zécken, dozou aluede fir sech endlech impfen ze loossen?

Wien, wann net mir Humanisten, soll kloer Stellung huelen zu dësem Theema?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.