E Samschde stoung de Bus bei der Entrée vum e-Lake Festival zu Iechternach. D'Aarbecht an der Gastronomie, Bedenke géigeniwwer den Niewewierkunge vun de Vaccinen, Invitatioun verluer - et gi vill Ursaachen, firwat déi befrote Bus-Clienten sech bis elo nach net impfe gelooss hunn. Si begréissen d'Initiativ, déi hinnen et erméiglecht, hiert Aarbechtsliewen an hir Fräizäit ze vereenbaren, ouni sech ëm Pabeierkrom ze këmmeren.
Den e-Lake Festival, deen dëst Joer a reduzéierter Versioun als Covid-Check Event am Haff vun der Abtei war, ass op den éischte Bléck eng iwwerraschend Platz fir den Impfbus. Hei sinn natierlech besonnesch vill Jonker erwaart.
"Mir impfen och Mannerjäreger, ënnert der Konditioun, datt si d'Erlabnis vun den Elteren dobäi hunn oder vun engem Elterendeel begleet sinn", esou den Dr. Thibaut, deen den Impfbus de Samschden den Owend betreit huet. "Mir sensibiliséieren d'Leit iwwer d'Niewewierkunge vun de Vaccinen an erënneren si drun, no der Impfung keen Alkohol ze drénken."
Och wa vill Leit, déi den Impfbus dëse Weekend zu Iechternach genotzt hunn, keng Festivalgänger waren, kann ee vun engem Erfolleg schwätzen. Ëm déi 50 Impfunge sinn um Samschden am Impfbus gemaach ginn.