Fir op hir schwiereg Aarbecht an der Pandemie hinzeweisen. YesWeCare an ImpfeWierkt stoung op de Panneauen, déi d'Personal vum Spidol um Kierchbierg de Mëtteg an d'Luucht gehalen huet. Eng Infirmière aus der Radiologie huet eis erkläert, firwat si d' Gedenkminutt wichteg fënnt.
"Ech wëll scho bëssen d'Leit drop opmierksam maachen, datt se sech impfe loossen, ech versti ganz vill Leit, déi skeptesch sinn, oder komplett dergéint, dat ass jiddwerengem säi perséinleche Choix, mee mir gesinn awer, zemools hei, mir wësse wéi et am Ufank war, mir hu ganz vill Leit gesi stierwen, oder schlecht goen, an dat hëlleft awer iergendwéi, och wa vläicht net ëmmer alles zu 100 Prozent... Mir goufen als Kanner geimpft an do wousste mer och net wat lass wier; mee wann et der Allgemengheet hëlleft..."