Lëtzebuerger Arméi Impfflicht bei der Arméi

D'Arméi-Gewerkschaft SPAL ass net zefridden iwwer d'Aféierung vun enger Impfflicht fir Deeler vun der Arméi. Doduerch kéinte wichteg Leit verluer goen, déi néideg wiere fir d'Reien ze fëllen, warnt de SPAL-President Christian Schleck.

Serge Kesseler / rb

Zaldot virum Groussherzogleche Palais
Zaldot virum Groussherzogleche Palais (Archiv)

Lauschteren


Zanter Ufank vum Joer ginn ënner anerem d'Kandidate fir Zaldot oder Militaire de carrière ze ginn, nëmmen ugeholl, wa si e vollstännegen Impfzyklus géint Covid-19 hunn, esou d'Ministere François Bausch a Marc Hansen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Dës Impfung ass elo eng vun den Opnamebedingunge fir an de Fräiwëllegendéngscht an an déi militäresch Karriär. D'Gesetz iwwer d'Disziplin an der Force publique vun 1979 ass déi legal Basis fir dës Entscheedung.

"Duerch esou Mesurë wäerten eis wichteg Leit verluer goen"

"Mir sinn absolut keng Impfgéigner, allerdéngs hu mir eis seriö Froe gestallt, ob e Gesetz, dat 43 Joer al ass, kann eru gezu ginn, fir esou eppes anzeféieren", seet de President vun der Gewerkschaft SPAL. Donieft gesäit d'Gewerkschaft - déi eegenen Aussoe bal 900 Memberen huet - eng Rei Problemer beim Rekrutement:

"Éischtens mol d'Leit, déi genese sinn, wäerten net kënnen ugeholl ginn, obwuel se d'Konditioune soss fir de Militärdéngscht erfëllt hätten. Leit, déi sech tëschent der Musterung an der Incorporatioun ugestach hunn, kënnen och net ugeholl ginn. A souguer déi Leit, déi tëschent der éischter an der zweeter Impfung sech ugestach hunn, sinn deemno wéi och net zeréck ze behalen. Mir stelle just fest, datt d'Arméi nach ëmmer e Manktem u Leit huet. An grad duerch esou Mesurë wäerten eis wichteg Leit verluer goen."

Déi selwecht Reegel an der Fonction publique

Donieft wënscht sech d'Gewerkschaft SPAL déi selwecht Spillreegelen iwwerall. Si wier frou, wa jiddwereen an der Fonction publique an doriwwer eraus d'nämmlecht géif behandelt ginn, an datt deementspriechend déi nämmlecht Reegele géifen applizéiert ginn: Dëst wier nom aktuelle Covid-Gesetz den 3G op der Aarbechtsplaz.

D'Flicht, sech impfen ze loossen, betrëfft net dat zivilt Personal vun der Arméi, hat et nach an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro geheescht. Aktuell wier net geplangt, eng Impfflicht bei anere Ministèren anzeféieren, stoung an der Äntwert vum 23. Dezember d'lescht Joer ze liesen.

Méi zum Thema

Christian Schleck SPAL
Lëtzebuerger Arméi

Um Härebierg feelt et un Zaldoten, seet de Christian Schleck. An der einfacher Zaldotecarrière géife 40 Prozent méi Personal gebraucht ginn, mee och an de méi héije Carrière feelt et u Leit.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen