Radioen

On air

De Moien  |  Billy Nomates - Blue Bones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfnoweis oder Testflicht

Domaine Thermal Munneruf

Impfnoweis oder Testflicht

Am Domaine Thermal zu Munneref soll d'Gesondheetspersonal, dat sech net impft oder test, am Prinzip kee Kontakt méi mat Patienten hunn. Den OGBL an d'COPAS gesinn dës Demarche kritesch.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Am Domaine Thermal zu Munneref soll d'Gesondheetspersonal obligéiert ginn der Direktioun matzedeelen, ob et géint Covid-19 geimpft ass oder net. Wéi RTL als éischt gemellt hat wier fir net geimpft Personal eng méi strikt Testflicht virgesinn. Wien net geimpft ass, mee mat Patienten a Kontakt ass, misst un all Schaffdag ee Schnelltest maachen an och all 72 Stonnen ee PCR-Test, heescht et an enger interner Nott, déi dem radio 100,7 virläit.

D'Käschte vun den Tester iwwerhëlt de Betrib - si mussen awer baussent der Schaffzäit gemaach ginn. Eng Ausnam vun dëser Testflicht gëllt fir Leit, déi beleeë kënnen, datt se wéinst enger rezenter Covid-Infektioun nach Antikierper hunn, oder déi sech aus medezinesche Grënn net impfe kënne loossen.

Wien net geimpft ass an déi reegelméisseg Tester refuséiert, géif op een anere Poste versat ginn. Déi nei Reegele solle vum 7. Juni u gëllen. Als Erklärung heescht et ënner anerem, datt ee Covid-Cluster katastrophal finanziell Konsequenze fir den Domaine Thermal kéint hunn.

Kritik vum OGBL a COPAS

Den OGBL-Zentralsekretär Pitt Bach kritiséiert d'Approche, déi hei gewielt gouf - dës wier och net mat der Personaldelegatioun ofgeschwat ginn:

"Et ass beschtefalls iwwer eng 'Note de Sensibilisation' geschwat ginn. Et ass net driwwer geschwat ginn, datt d'Leit mussen de Patron driwwer informéieren, ob se geimpft sinn. Et ass net iwwer eventuell Sanktiounen oder Repressalie Rieds gaangen, wou d'Leit eng nei Aarbechtsplaz zougewise kréien. Dozou kënne mir natierlech kee positiven Avis ginn. Dat huet d'Personaldelegatioun och ni gemaach. A mir wäerten eis och dogéint wieren, datt dat ëmgesat gëtt."

Et géif sech och d'Fro vum Besoin vun dëser Demarche stellen, mengt de Pitt Bach: vun de Salariéen, déi am Domaine Thermale am direkte Kontakt mat Patiente schaffen, wieren 90 Prozent geimpft.

D'Fro vun der Impfbereetschaft am Gesondheets- a Fleegesecteur wier ee grousse Sujet. Mee Impfungen a Schnelltester misste fräiwëlleg bleiwen, seet de Gewerkschaftler Bach: "och op engem nationale Plang". Dës wiere wichteg Geste vu Solidaritéit an der Pandemie, an dofir misst een d'Leit sensibiliséieren. Den OGBL-Zentralsekretär hält et fir legitim, wa Patronen d'Impfquote an hirem Betrib wéilte kënnen - dofir misst en awer net d'Identitéit vun de Geimpfte kennen:

"Et seet jo keen eppes dogéint fir eng propper Risikoaschätzung kënnen ze bedreiwen. Mee hei geet et drëms fir d'Leit ze verflichten, dat selwer hirem Patron matzedeelen, ob si selwer geimpft sinn oder net. Mee natierlech muss een d'Donnéeën analyséieren, a wann et eng schwaach Impfbereetschaft gëtt, da muss een dorobber reagéieren an duerch ee positive Sensibiliséierungsmessage de Leit hir Ängschten an hir Bedenken huelen, oder hir Froen ze beäntwerten an esou d'Impfbereetschaft an d'Luucht ze dreiwen."

Och den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, gesäit d'Demarche vum Domaine Thermal kritesch. D'Recommandatioun wier, datt d'Gesondheetspersonal sech sollt impfen an zwee Mol d'Woch testen, méi contraignant Mesurë wieren net virgesinn, esou de COPAS-President Marc Fischbach.

Erklärung vum Gesondheetsministère

De Gesondheetsministère erkläert de Kontext vun der Decisioun per E-Mail op Nofro hin esou:

"Et handelt sech net ëm eng Impfflicht, mee ëm en Encouragement sech impfen ze loossen. Dësen Opruff vum Domaine Thermal riicht sech un eng Minoritéit vun Personal, déi am Departement "Santé" schaffen, an déi nach net geimpft gi sinn. Dës Salariée sinn an enkem Kontakt mat Patienten, déi hinnen fir eng Cure iwwerwise gi sinn.

Dem Domaine Thermal ass dru geleeën, datt dës Patienten an den beschtméiglechen sanitäre Konditiounen hiren Traitement kënne maachen. Als Domaine Thermal an Etablissement public huet Mondorf eng Reputatioun ze vertrieden, déi iwwer d'Grenzen vum Land eraus ginn.

Als "Établissement de cures thermales" laut Spidolsgesetz, füügt sech dës Demarche an d'Positioun vun der nationaler Eethikkommissioun vum 1. Mäerz 2021 an:

"Un hôpital ou un centre pour personnes âgées est, de surcroît, en relation contractuelle de nature privée avec les patients et les pensionnaires, et doit assurer leur protection et leur sécurité, alors que tant les patients que les pensionnaires sont, par hypothèse, vulnérables, voire hautement vulnérables."

Mat dëser Nott un d'Personal mécht den Domaine och en Opruff u "Responsabilité civique" an un d'Solidaritéit mat der Bevëlkerung. De Contenu vun der Nott huet iwwregens och den Accord vum Vertrieder vum Personal kritt."