Radioen

On air

Notturno  |  Nas - Life's a Bitch Feat. AZ & Olu Dara

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfstoffer fir Entwécklungslänner

Covax

Impfstoffer fir Entwécklungslänner

D'WHO huet en Appell lancéiert mat den Drëttimpfungen ze waarden an Entwécklungslänner Impfstoffer zur Verfügung ze stellen. Et misst ee sech awer bei deene Länner realistesch Ziler an der Impfcampagne ginn, seet de Claude Muller.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Claude Muller bedauert, datt d'Diskussioun ëm déi ongerecht Verdeelung vun den Impfstoffer sech haaptsächlech dorop reduzéiert, datt een d'Entstoe vu Variante verhënnere wéilt. "Dat ass aus menger Siicht eng ganz eurozentresch Aart a Weis ze kucken."

Et wier natierlech eng gutt Saach, méiglechst vill ze impfen, mee bei enger kompletter Impfquot vun 1,7 Prozent um afrikanesche Kontinent wier d'Zil, eng Herdenimmunitéit ze erreechen an domat d'Entstoe vun neie Varianten ze verhënneren, "einfach net realistesch", seet de Claude Muller.

D'EU huet bis elo wéineg Impfstoffer gespent

Enn Juli hat d'EU-Kommissioun versprach, si géif 200 Milliounen Dosen un de Covax-Programm vun der Weltgesondheetsorganisatioun spenden. Net besonnesch vill am Verglach mat der Bevëlkerung, déi op Vaccinë waart.

Bis dohin hat Covax 122 Milliounen Dosisse Vaccinë verdeelt, also genuch fir ëm déi 60 Millioune Leit komplett ze impfen.

Bis ewell goufe vun de versprachen Impfdosissen eréischt 7,9 Milliounen tatsächlech gespent, wéi d'Zeitung Politik Ufanks dëser Woch aus engem EU-Dokument zitéiert.

Dat sinn der net vill am Verglach zu de 60 Milliounen Dosissen aus den USA oder de ronn 24 Milliounen Dosissen aus China. D'WHO huet déi chineesesch Vaccinen an den Impfstoff vun AstraZeneca, deen an Indie produzéiert gëtt, zougelooss.

Eng logistesch Erausfuerderung

Bei där Zuel u geliwwerten Impfstoffer misst d'Prioritéit beim medezinesche Personal leien, seet de Claude Muller. Déi Leit, déi bei enger drëtter Well un éischter Front géint Covid-19 kämpfen, ze impfen, "dat schéngt mer e vill méi realistesch Zil ze sinn".

Verschidde Länner géifen et net packen hi Demande u Covax ze schécken, fir Impfstoffer ze kréien. Aner Länner hätten hir Demande zwar gemaach, hätten hir Impfstoffer och kritt, mee et wiere Problemer bei der Logistik ginn. Als Beispill nennt de Claude Muller Ägypten, déi nach net vill geimpft hunn, "obwuel si eigentlech méi séier kéinte maachen".