Radioen

On air

Tockcity  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfung an der Apdikt: Modalitéitebleiwen ze klären

Covid-19

Impfung an der Apdikt: Modalitéitebleiwen ze klären

Dem Apdikter-Verband no mussen nach Modalitéite gekläert ginn ier d'Apdikten ufänke kënne géint de Coronavirus ze impfen. D'Regierung hat virum Weekend annoncéiert, datt d'Apdikten och sollen un der Impfcampagne Deel huelen.

auto_stories

1 min

Dem Alain de Bourcy, President vum Apdikter-Verband, no ginn et dräi Knackpunkten, ier eng Impfcampagne an den Apdikte starte kann: ee reglementéierte Kader, adaptéiert Raimlechkeeten a Formatioune fir d'Apdikter an Apdikterinnen.

D'Formatioun wier scho mat der Santé beschwat ginn, mee et hätt een nach keng weider Detailer iwwer den Oflaf vun der Formatioun.

E Patient sprëtze wier kee komplizéierte medezineschen Akt an awer missten d'Apdikter besonnesch fir de Fall vun enger Reaktioun op den Impfstoff forméiert ginn, ënnersträicht den Alain de Bourcy. Bei enger graver Reaktioun zum Beispill misst een Adrenalin sprëtzen. E Medezinner hätt dat a senger Basisformatioun geléiert, mee den Apdikter net: "Déi Formatiounen a Reflexer, dat missten d'Apdikter gewise kréien."

D'Lokalitéite missten och adaptéiert ginn, fir Patiente wann néideg hinzeleeën.

Den Alain de Bourcy betount, datt d'Apdikte bereet sinn, fir un der Impfcampagne deelzehuelen, de Ball fir déi oppe Punkten ze kläre géifen awer elo bei der Regierung leien.