Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfunge bei Kanner

Covid-19

Impfunge bei Kanner

Ouni d'Kanner ze impfen ass d'Herdenimmunitéit hei am Land net méiglech, seet d'Doktesch Isabel De la Fuente aus der Kannerklinik. Grad zu Lëtzebuerg mat senger jonker Populatioun géif de Vaccin fir Kanner Entlaaschtung bréngen. Aktuell evaluéiert d'EMA de BioNTech/Pfizer-Vaccin fir Kanner vun 12 bis 15 Joer. Soubal eng Zouloossung virläit, wäert och Lëtzebuerg Jonker géint Covid-19 impfen, heescht et op Nofro hi vun der Santé. Aktuell kommen an der Moyenne eppes manner wéi 10 Kanner de Mount wéinst Covid-19 an d'Kannerklinik.

auto_stories

2 min

Foto: Paul Foguenne (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Et ass seelen, datt kleng Patiente wéinst Covid-19 an d'Spidol kommen, ee Stierffall bei engem Kand gouf et hei am Land net. An der Moyenne kommen eppes manner wéi 10 Kanner de Mount wéinst dem Virus an d'Kannerklinik, dacks sinn et kleng Puppelcher, sou d'Doktesch Isabel de la Fuente. Virun allem an den éischte sechs Woche kéinte Puppelcher méi krank ginn, wa se Féiwer kréien, dee se heiansdo net gutt verdroen an et Problemer gi beim Nieren.

Meeschtens sinn d'Hospitalisatioune vu kuerzer Dauer mat zwee bis dräi Deeg. Mee och bei Kanner kann et zu Komplikatioune wéinst Covid-19 kommen, dacks e puer Wochen no enger banaler Covid-Infektioun. Rieds geet da vum Multisystemeschen Entzündungssyndrom mat méi Organer, déi ugegraff sinn. E ganz rare Phänomen - zu Lëtzebuerg ass manner wéi ee vun Dausend Puppelcher betraff, warscheinlech souguer manner wéi ee vun 3.000 oder souguer ee vu 4.000, seet d'Isabel de la Fuente.

"Cela reste une complication la plus grave, donc ces enfants-là nécessistent de venir à l'hopital pour des soins spécifiques, de temps en temps pour des soins intensifs."

Long-Covid och bei Jonken

D'Impfung fir Kanner wäert Entlaaschtung bréngen, seet d'Isabel de la Fuente. Engersäits am Sënn vu der Herdenimmunutéit, grad zu Lëtzebuerg, mat senger jonker Populatioun. Anerersäits fir d'Kanner selwer, fir hir soziaalt Liewen. An da gëtt et och Kanner, déi méi laang un enger Covid-Infektioun ze knaen hunn, seet d'Isabel de la Fuente.

"Un peu comme dans la définition chez les adultes du Covid-long, on voit des tableaux comme ça chez les jeunes, avec des jeunes qui présentent des symptomes respiratoires qu'ils n'avaient pas avant, avec des difficultés à l'effort, avec des examens de poumons pas tout à fait normaux, soit des enfants qui restent très fatigués."

D'EMA préift den Ament e Vaccin fir Jonker tëscht 12 a 15 Joer, deen d'Santé och, soubal en zougelooss ass, wëllt asetzen. Wou, wéini an a wéi enger Reiefolleg wäert bei Jonke geimpft ginn, wier awer nach ze klären. Et gëtt och schonn un engem Vaccin fir Puppelcher - vu sechs Méint un - geschafft, sou nach d'Isabel de la Fuente.