D'Impfstoffer, déi am Moment an der Prozedur si fir zougelooss ze ginn, hält hie fir onbedenklech.
Datt se esou séier disponibel waren, wier dem glécklechen Ëmstand ze verdanken, datt zanter Kuerzem an der Vaccins-Fuerschung - an zwar onofhängeg vum Coronavirus - eng nei Technologie agesat gëtt, déi esou eng séier Entwécklung iwwerhaapt eréischt méiglech mécht, esou de Professer Ollert vum LIH.
Hie selwer géif sech op jiddwer Fall ouni Bedenken impfe loossen. De Professer Ollert hätt sech aus deenen ënnerschiddlechen Impfstoffer een erausgesicht, dee fir hien optimal ass, mee hie misst awer nach kucken, ob hien e kréie kann. Suerge mécht hie sech awer net:
"Aber natürlich gibt es derzeit bei denjenigen, die jetzt schon kurz vor der Zulassung stehen, keinerlei Bednken. Weder hinsichtlich der Wirksamkeit, noch hinsichtlich des Nebenwirkung-Profils.
Eng logistesch Erausfuerderung
Bei deenen enorme Quantitéiten, déi gebraucht ginn, wier d'Produktioun vu genuch Vaccin natierlech eng grouss Erausfuerderung. Hie wier awer zouversiichtlech, datt dat geléngt, esou de Professert Ollert, an dat och zäitno.
"Ich denke, das ist eine Frage von mehreren Monaten. Also wir können nicht davon ausgehen, dass wir flächendeckend ganz Europa und auch nicht ganz Luxemburg schon im Januar geimpft haben. Das wird dauern, weil auch nicht soviel Impfstoffe zur Verfügung stehen werden. Das wird sich über die Zeit erst zeigen, wie schnell das geht. Aber ich gehe davon aus, dass das binnen eines halben Jahres sehr weit sein werden."