Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfungen: Déi meescht Niewewierkungen "net schlëmm"

Impfcampagne

Impfungen: Déi meescht Niewewierkungen "net schlëmm"

D'Niewewierkungen no enger Corona Impfung zu Lëtzebuerg waren an den allermeeschte Fäll bis elo net schlëmm. Dat geet aus engem neie Rapport vun der Santé ervir. Bis elo hätt och keen direkte Lien kënnen etabléiert ginn tëscht engem Stierfall an enger Impfung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An hirem drëtte Rapport iwwer d'Impf-Niewewierkungen analyséiert d'Division de la pharmacie et des médicaments vun der Santé méi genee d'Period tëscht dem 14. Mee an dem 11. Juni - si kënnt awer och nach emol op all d'Fäll vu Niewewierkungen zanter dem Ufank vun der Impfcampagne am Januar zeréck.

Eng éischt Statistik ass déi heiten: Bei iwwer 423.000 administréierten Dosisse wieren am Ganzen 1.444 Fäll vu Niewewierkungen deklaréiert ginn - dat entsprécht 0,38 Prozent. A vun den deklaréierte Fäll wieren déi allermeescht - nämlech 83 Prozent - Niewewierkungen, déi ze erwaarde sinn, wéi Féiwer, Péng um Aarm, Kappwéi oder Middegkeet, an déi no e puer Deeg nees verschwonne sinn. An 176 Fäll ware Geimpfter kuerz krank geschriwwen oder konnten net eraus goen, mee si hunn net missen an d'Klinik. Bei 50 Fäll war awer eng Hospitalisatioun néideg.

Keen direkte Lien mat Stierffäll

Wat d'Stierffäll ugeet, kann der Santé no weider keen direkte Lien gezu ginn, tëscht dem Dout vun enger Persoun, an enger Impfung. Zanter dem 1. Januar gouf et bis elo hei am Land siwe Stierffäll no enger Impfung - dovun zwee nei Fäll tëscht dem 14. Mee an 11. Juni. Do hätt et sech ëm zwou eeler Frae gehandelt - vu 92 respektiv 70 Joer - eng gouf mam Vaccin vu BioNTech/Pfizer, an déi aner mat deem vun AstraZeneca geimpft. D'Santé betount: a béide Fäll hätten déi Betraffe scho méi grav Virerkrankunge gehat, an et géif e puer méiglech Doudesursaache ginn. E Lien tëscht dem Dout an der Impfung kéint och hei net nogewise ginn.

Bei dräi Persoune gouf an där analyséierter Zäit-Period tëscht Mee a Juni de Prognostique vital no enger Impf-Reaktioun engagéiert - do huet also Liewensgefor bestanen. Hei hätt et sech ëm dräi Fraen tëscht 41 an 72 Joer gehandelt - bei enger, déi mat BioNTech/Pfizer geimpft gouf, war d'Reaktioun am Kontext vun enger Panikattack. Bei där zweeter, och mat BioNTech/Pfizer geimpft, war et zwee Méint no der zweeter Dosis, e vasculaire Problem, mee keng Thromobopénie. An bei der drëtter war e ee recidiven Problem, dee scho virun der Impfung bekannt war.

Allgemeng betount d'Santé am Rapport och nach: d'Analys vun den Impf-Niewewierkungen zu Lëtzebuerg hätt kéng nei Risikosignaler detektéiert. Bei deene véier Vaccinen, déi hei am Land agesat ginn, wieren d'Virdeeler deemno weider méi grouss ewéi d'Risiken.