Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cola Boyy - Penny Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Importverbuet fir Offall a China

Wirtschaftschronik

Importverbuet fir Offall a China







Normal
0










false
false
false

LB-LU
X-NONE
X-NONE
















































































































































































































































































































































































































/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Table Normal";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin-top:0cm;
mso-para-margin-right:0cm;
mso-para-margin-bottom:10.0pt;
mso-para-margin-left:0cm;
line-height:115%;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:11.0pt;
font-family:"Calibri",sans-serif;
mso-ascii-font-family:Calibri;
mso-ascii-theme-font:minor-latin;
mso-hansi-font-family:Calibri;
mso-hansi-theme-font:minor-latin;
mso-fareast-language:EN-US;}

Zënter ufanks des Joers gëllt a China e Verbuet fir den Import vu 24 Zorte vun Offall, dorënner Plastik, Textilien a gemëschte Pabeier. Als weltwäit gréissten Importateur vun Offall huet China an der Vergaangenheet all Joer Milliounen Tonnen Offall kaf, fir en ze recycléieren a weider ze verwäerten. 2016 waren et am Ganze méi wéi siwe Milliounen Tonne Plastik a 27 Milliounen Tonne Pabeier. De chineseschen Importverbuet kéint eng Chance sinn, fir an Europa an der Offall-Gestioun ëmzedenken an d'Iwwerleeunge fir d'Kreeslafwirtschaft unzekierpen.

auto_stories

4 min

Weltwäit goufen am Joer 2016 méi wéi 330 Milliounen Tonne Plastik produzéiert, dovun eleng 60 Milliounen Tonnen an Europa. Dat schreift Plastics Europe, de Verband vun de Plastiksproduzenten, an hirem Rapport vum leschtem Joer. Europa ass domat deen zweetgréisste Plastiksproduzent hannert China.

Ma nëmmen ee Brochdeel vum Plastik, deen zu Offall gëtt, gëtt an Europa weider verwäert. 2016 ass bal e Véierel vum gesammeltem Plastikoffall aus der EU a China exportéiert ginn. Beim Pabeieroffall gesäit et net aneschtes aus. Iwwert 14 Prozent vum Pabeierpffall ass 2016 a China geschéckt ginn.

E milliardeschwéiert Geschäft

D'Recycling Industrie a China huet sech während Jore parallel mam Produktiounsboom entwéckelt an ass zu engem milliardeschwéiere Geschäft ginn. Eleng d'USA hätten d'lescht Joer Offall wéi Plastik a Metall am Wäert vu méi wéi fënnef Milliarden US Dollar a China verkaf, esou eng amerikanesch NGO. Grond fir den Import ass, datt chinesesch Firmen esou dacks méi bëlleg u Matière premièrë kommen, wéi wa se a China selwer ofgebaut géif ginn.

Mä zënter ufanks des Joers huet Peking den Import vun Offall drastesch zeréckgeschrauft. D'Entscheedung ass eng Reaktioun ënnert anerem op d'Onzefriddenheet vun de Chinese wéinst verschmotzter Loft a Bierger vun Offall. Den Importverbuet soll d'Ëmwelt schützen an d'Gesondheet vun den Awunner verbesseren, heescht et am Motivatiounsschreiwes vun der Regierung d'lescht Joer un d'Welt-Handels-Organisatioun.

Am Offall, deen a China verkaf gi wier, wieren nämlech grouss Quantitéite vun dreckegem oder souguer geféierlechem Offall gewiescht. Dat hätt d'Ëmwelt staark verschmotzt. Schonn 2013 hat d'Regierung zu Peking eng Campagne lancéiert, fir dem Import vun illegalem an mannerwäertegem Offall entgéint ze wierken, andeems Containerschëffer méi genee ënnert d'Lupp geholl goufen.

D'Sich no Alternativen

Den Importverbuet huet fir Bedenke bei de politesche Responsabelen an Europa, den USA, Kanada an Australien gesuergt. D'Regierungen hätte sech, der Financial Post no, un d'Welt-Handels-Organisatioun adresséiert a gesot, datt d'Offall-Acteure méi Zäit bräichten, fir sech der Situatioun unzepassen an nei Marchéen ze fannen.

Nei Debouchéen hätte sech enger Eurostat Etude no allerdéngs scho kloer am Virfeld vum chineseschen Importverbuet ugekënnegt. A Malaysia, Vietnam an der Tierkei wier Enn d'lescht Joer vill méi Offall exportéiert ginn. Den Import vu Plastikoffall a Malaysia hätt sech am leschte Quartal vun 2017 verduebelt am Verglach mam Joer virdrun. Dat schreift déi amerikanesch Wochenzeitung Politico a berifft sech op Zuele vum internationale Recycling Büro.

Eng kohärent Léisung

Mä am Plaz nei Marchéen ze sichen, wier et méi kohärent, Offall verstäerkt do ze verwäerten, wou en entsteet. Dat wier am Sënn vun enger Kreeslafwirtschaft a géif och dozou bäidroen, d'Ziler vum Paräisser Klimaofkommes anzehalen. Tëscht 2006 an 2016 gouf zwar bal 80 Prozent méi Plastikoffall recycléiert, schreift de Verband vun den europäesche Plastiksproduzenten. Mä Europa misst d'Ambitioun hu fir eng Virreiderroll am Recycling z'iwwerhuelen.

Dat ass allerdéngs mat Investissementer verbonnen. Peking wëllt bis 2020 méi wéi 30 Milliarden Dollar an d'Gestioun vum Offall vun de Stéit investéieren. D'Europäesch Kommissioun huet hirersäits déi sougenannt Plastik Strategie ufanks des Joers publizéiert. Dës gesäit vir, datt méi wéi d'Hallschent vum Offall, deen duerch Plastik-Verpackungen entsteet, soll bis 2030 recycléiert ka ginn.

Méi effiziente Recycling

Innovatioun an der Offallgestioun soll ënnerstëtzt an 100 Milliounen Euro solle bis 2020 ënnert anerem a méi effizient Recycling Prozesser investéiert ginn. Ee wichtege Schratt a Richtung Kreeslafwirtschaft. Mä och d'ekonomesch Inzentive fir recycléierte Plastik a Produiten ze benotze misst verstäerkt ginn, fir den Export vun Offall z'ënnerbannen.

Den evidente Choix fir d'Ëmwelt ze schützen ass de Verzicht an d'Reduktioun vun Offall, virun allem vu Plastik. Mä an der Tëschenzäit misst verstäerkt a performante Recycling investéiert ginn.

2015 huet Lëtzebuerg bal 2,2 Milliounen Tonnen Offall an aner Länner exportéiert a ronn 2,7 Milliounen Tonnen importéiert. De Grand-Duché géif zwar keng Offäll a China exportéieren, mä et kéint een awer net ausschléissen, datt se aus dem noen Ausland net dohinner géife weider verkaf ginn, heescht et aus dem Ëmweltministère. Et wier nämlech net méiglech, de Flux vum Offall baussent Lëtzebuerg ze suivéieren.