Maison Relais Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen

D'Maison Relaise solle méi Kanner mat spezifesche Besoinen ophuelen. Den Educatiounsministère an d'Associatioun vun Eltere vu geeschteg behënnerte Kanner, APEMH, fuerderen eng inklusiv Approche an alle Betreiungsstrukturen. Zu Beetebuerg soll am Hierscht eng nei inklusiv Maison Relais fir 80 Kanner opgoen.

Françoise Keller / pre

Inclusioun a Maison Relais

E Véierels vun de Plazen an där neier inklusiver Maison Relais zu Beetebuerg ass fir Kanner mat spezifesche Besoine virgesinn. D'Associatioun vun Eltere vu geeschteg behënnerte Kanner, APEMH, soll d'Gestioun iwwerhuelen. Et ass e gemeinsame Projet vum Educatiounsministère, der Gemeng Beetebuerg an der APEMH. An Zukunft sollen awer net just e puer spezialiséiert Strukturen, mä all d'Maison Relaise Kanner mat spezifesche Besoinen ophuelen, esou de Wonsch vun der APEMH an dem Educatiounsministère.

Wéi vill Kanner?

Zu Beetebuerg ass eng Quote vu 25% fir Kanner mat enger Behënnerung virgesinn. An der inklusiver Maison Relais zu Nidderkuer, déi et do schonn e puer Joer gëtt, gëllt déiselwecht Quote. Dat wier ze héich, seet d'Peggy Becker vun der APEMH. Den Undeel vu Leit mat enger Behënnerung an der Populatioun léich nämlech ënner 25%.

Fir APEMH géif en Undeel vun 10% fir Kanner mat spezifesche Besoinen deem entspriechen, wat een an der Populatioun begéint. Déi Quote vun 10% misst an all Maison Relais zu Lëtzebuerg ageféiert ginn, seet d'Peggy Becker. "Do wiere mer da ganz no un der Inclusioun".

Inklusiv Approche

Den Educatiounsministère léisst d'Fro vun de Quoten op. De Ministère hätt zwar kee Problem mat 25%, wéi se zu Nidderkuer existéieren an zu Beetebuerg geplangt sinn, seet d'Christiane Meyer vum Service Educatioun et Accueil.

D'Prioritéit fir de Ministère wier awer net d'Definitioun vu Quoten, mä d'Fërdere vun enger inklusiver Approche an alle Maisons Relaisen hei am Land.

Subventiounen

Déi zousätzlech staatlech Hëllefe fir Betreiungsstrukturen, déi Kanner mat spezifesche Besoinen ophuelen, ginn neierdéngs net méi pro Kand ausgerechent. Am neie System géif déi ganz Struktur an Equippe matabezu ginn, esou d'Christiane Meyer. "Et ass eng Decisioun vun enger Equipe, op si sech opmaache wëll fir Diversitéit. Wa jo, ginn déi zousätzlech Ressourcen un d'Equipe, an net méi pro Kand berechent", esou nach d'Christiane Meyer vum Service Educatioun an Accueil vum Educatiounsministère.

Duerch dat neit Jugendgesetz, wat zejoert ugeholl gouf, an de sougenannte "Bildungsrahmenplan" géifen all déi konventionéiert Betreiungsstrukturen am Land ugehale ginn, fir inklusiv ze schaffen.

Bäitrag vum Françoise Keller

Méi zum Thema

Liette Braquet
APEMH

D'Ateliers protégés vun der APEMH zu Lampech gi vergréissert: déi zweet Phas vum Chantier fänkt Enn 2017 un. Donieft annoncéiert d'APEMH-Direktesch Liette Braquet eng inklusiv Maison Relais zu Beetebuerg.

Rollstull
Chancegläichheet

D'UN-Konventioun fir d’Rechter vu Persoune mat Behënnerung muss zu Lëtzebuerg nach ëmgesat ginn. Eng besser Integratioun a manner Diskriminéierung fuerderen an deem Kader d'Behënnerten-Organisatiounen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen