Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Infirmiersausbildung: ANIL fuerdert, datt de BTS ofgeschaaft gëtt

Medezin

Infirmiersausbildung: ANIL fuerdert, datt de BTS ofgeschaaft gëtt

D'Infirmiersassociatioun ANIL begréisst, datt d'Uni Lëtzebuerg eng Bachelorausbildung fir hire Beruff aféiert. Et wier positiv, datt et elo ee kloren Zäitplang gëtt, fir am Hierscht 2023 mat esou engem Studiegang unzefänken, esou d'ANIL-Presidentin Anne-Marie Hanff.

auto_stories

1 min

D'Anne-Marie Hanff ass Presidentin vun der ANIL. Foto: Archiv

D'Infirmiersassociatioun versteet awer net firwat nieft dem Bachelor op der Uni och weider eng BTS-Formatioun am Lycée soll ugebuede ginn fir den Infirmiersberuff ze léieren. Dat kéint am Beruffsliewen spéider fir Konflikter tëscht de Leit aus deene verschiddene Formatioune suergen, esou d'Anne-Marie Hanff.

D'ANIL ass der Meenung, datt jiddweree sollt de Bachelor maachen, well da wéisst een och herno um Terrain, "datt d'Leit all déi nämmlecht Kompetenzen op deem nämmlechten Niveau geléiert hunn". Esou kéint ee vermeiden, datt et "Duerchernee" gëtt.

Heescht dee méi héijen Diplom och, datt d'Infirmieren an Zukunft méi wäerte verdéngen? D'Anne-Marie Hanff äntwert dorop, datt d'Gewerkschaften momentan do aktiv wieren, mee momentan géif ee mat engem Bachelor-Diplom net méi verdéngen, mee et géif een op d'Funktioun bezuelt. Eng Opwäertung heivunner wier net d'Prioritéit vun der ANIL, seet hir Presidentin Anne-Marie Hanff.

"Mir wëssen, datt mer eis net ze schumme brauche fir dat, wat mer bezuelt kréien. Mir wëssen awer och, datt mer eis net ze schumme brauche fir déi Aarbecht, déi mer maachen, eppes ze fuerderen. Mee fir eis ass et wierklech prioritär wichteg, datt mer déi Karriärsméiglechkeet do hunn, an datt mer do emol weiderkommen."