Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Water Underground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Infizéierter sollen hir Kontakter warnen"

Corona-Pandemie

"Infizéierter sollen hir Kontakter warnen"

Wéinst der héijer Zuel un neien Infektioune mam Coronavirus kritt d'Santé net méi all d'Kontakter vun Infizéierte retracéiert. Den Direkter vun der Santé seet, am Moment géif een et just fäerdeg bréngen, Leit déi positiv getest goufen unzeruffen, a se opzefuerderen hir Kontaktpersoune selwer ze warnen. D'Santé kéint am Moment just nach begrenzt den Tracage vu gréissere Clustere maachen, esou den Dr. Jean-Claude Schmit. Hie rechent dofir domat, datt d'Zuel vun den Infektiounen an de nächsten Deeg weider héich bleift.

auto_stories

3 min

An de leschten Deeg ass vill driwwer diskutéiert ginn, ob et schonn ubruecht ass vun enger zweeter Well vum Coronavirus ze schwätzen. Mee spéitstens zanter gëschter schéngt d'Äntwert kloer, well och d'Gesondheetsministesch mëttlerweil vun enger zweeter Well schwätzt.

An der zweeter Well vun den Infektioune mam Coronavirus wier den Duerchschnëttsalter vun den Infizéierte ronn zéng Joer ënner deem vun der éischter Well, esou den Direkter vun der Santé. De Jean-Claude Schmit seet, d'Santé kéint net méi all d'Kontakter vun de positive Fäll aus de leschten Deeg retracéieren. De Mëttwoch goufen 163 Persoune positiv op de Virus getest. Warscheinlech misst d'Regierung nees grouss Rassemblementer verbidden, deit de Jean-Claude Schmit un.

Rassemblementer reduzéieren

Den Direkter vun der Santé geet dovun aus, datt d'Neiinfektiounen an de nächsten Deeg "héich bleiwen, oder nach e bësse klammen". Den Dr. Jean-Claude Schmit réit och dozou Rassemblementer mat anere Leit am Moment op e Minimum ze reduzéieren - och wann et nach keng offiziell Recommandatioun vun der Regierung an déi Richtung gëtt. Alles wat net essentiell wier, sollt een zeréckschrauwen oder a méi klenge Gruppe maachen, esou d'Recommandatioun vum Direkter vun der Santé.

"Et sinn och Saachen, déi een e bësse méi spéit ka maachen, wann d'Saach sech vläicht e bësse berouegt huet."

De Jean-Claude Schmit wëllt awer net soen, op wéi ee Wee d'Regierung goe sollt. "Et ass schwéier ze soen, wat gemaach muss ginn." D'Covid-Gesetz, wat de 16. Juli gestëmmt ginn ass, hätt schonn eng Rei Restriktioune mat sech bruecht, och wann d'Gesetz nach "ganz large" géif bleiwen. Wéi eng Restriktiounen ee misst maachen, dat misst d'Regierung awer decidéieren, esou den Direkter vun der Santé.

Material fir véier Méint ass prett

Och wann d'Infektiounen nees geklomme sinn, bleift et an de Spideeler éischter roueg. Den Dr. Jean-Claude Schmit vun der Santé seet, et wier am Moment net mat Enkpäss beim medezinesche Material ze rechnen: An der Réserve nationale hätt ee Material fir op d'mannst véier Méint gehalen. "Dat Material ass do."

D'Spideeler hätte sech selwer och gutt agedeckt an der éischter Well, "op jiddwer Fall um Enn vun der éischter Well". Den Dr. Jean-Claude Schmit rechent domat, datt "an den nächste Méint" kee Problem dierft ginn. "Wa mer fir véier Méint Material hunn, da si mer op alle Fall emol fir véier Méint sécher." An Tëschenzäit kéint een da méi Material bestellen, preziséiert de Jean-Claude Schmit.

Et hätten och Firmen ugefaangen zu Lëtzebuerg Masken ze produzéieren. "Dat heescht, d'Liwwersituatioun ass haut awer ganz anescht wéi an der éischter Well."