Dagdeeglech ginn d'Leit mat der Hausse vun de Präisser konfrontéiert, sief et an den Noriichten oder awer direkt beim Akafen.
D'Konsumente wieren sech der Problematik bewosst, erkläert de Guy Goedert. D'Angscht vun der Präisdeierecht wier däitlech ze spieren.
Angscht an Onsécherheet
Fir de Konsument bedeit dat eng gewëssen Onsécherheet, seet den Direkter vum Konsumenteschutz. Seng Impressioun ass, datt d'Leit sech net nëmmen am Kapp, mee och am Portmonni op esou Stresssituatioune finanzieller Aart astellen.
Weider wier d'Angscht do, datt am Wanter effektiv d'Heizung géif ausgoen, dat géif een an de Gespréicher mat de Leit eraushéieren.
Konsumverhalen iwwerdenken
Fir sech ze preparéieren, réit de Guy Goedert de Leit, d'Präisser ze vergläichen an net dat éischtbescht am Regal huelen.
"Et huet kee Wäert, fir dräi Euro ze spueren 100 Kilometer mam Auto ze maachen, do si mer eens", seet de Guy Goedert.
Den Direkter vum Konsumenteschutz ass awer der Meenung, "datt mir eist Konsumverhalen iwwerdenke mussen". D'Leit sollte méi cibléiert an no hire Besoinen akafen.
Fuerderunge vum Konsumenteschutz
De Konsumenteschutz huet kloer Fuerderungen, zum Beispill kéint d'Allocation à la cie chère eropgesat ginn, mengt de Guy Goedert: "Mir hunn eng Verdueblung gefrot."
Weider fuerdert d'ULC, datt den Tankrabatt weidergefouert gëtt, an eventuell souguer eng Kéier géif eropgesat ginn.
De Konsumenteschutz waart elo op d'Resultater vun der Tripartite, seet de Guy Goedert.
"Et ass jo schonn eng Tranche op den Abrëll d'nächst Joer geréckelt ginn. Eis Positioun war, datt elo nach eng weider Indextranche erfale soll."
De STATEC hätt prognostizéiert, datt am Dezember nach eng Indextranche erfale kéint. D'ULC ass der Meenung, datt déi direkt ausbezuelt soll ginn "deen Ament, wou se fält, an net nees eng Kéier op Nimmerleinstag geréckelt gëtt".
Et misst ee sech kënnen op d'nächst Joer preparéieren: do wéisst een net, wat nach kënnt, esou nach de Guy Goedert weider. D'Leit missten dotëscht eng Kéier Loft kënnen huelen.