Radioen

On air

Notturno  |  Gloria De Oliveira & Dean Hurley - Ashore Of The Cosmic Sea

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Initiativ fir grenziwwergräifend Kooperatioun an der Groussregioun

Entwécklungskonzept Iewescht Museldall

Initiativ fir grenziwwergräifend Kooperatioun an der Groussregioun

All Dag pendelen eng 250.000 Leit aus Däitschland, der Belsch a Frankräich op Lëtzebuerg. D'Groussregioun wéisst, datt do nach grousst Entwécklungspotenzial kéint bestoen. Mat engem Entwécklungskonzept soll d'Kooperatioun tëschent Lëtzebuerg, dem Saarland a Rheinland-Pfalz fir interregional Projete promouvéiert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Christopher Arnoldi
D'Iewescht Museldall, méi genau d'Grenzgebitt vun Iechternach bis Perl-Schengen ass eng attraktiv Regioun, wat Natur, Kultur an d'Entwécklungsdynamik betrëfft, esou de Martin Güdelhöfer Regionalmanager vum Entwécklungskonzept Iewescht Museldall. Wa vill Leit dohinner zéien, misst een den Erausfuerderungen, déi dat mat sech bréngt, gerecht ginn.

Pilotphas an der Uewermusel

De Martin Güdelhöfer betount, datt si Gléck hunn, datt d'Regioun un der Uewermusel eng "Zuzugregioun" ass. Dësen Zuzug wier awer och mat gewëssen Erausfuerderunge verbonnen.

D'Entwécklungskonzept Iewescht Museldall (EOM) probéiert dowéinst räsonabel, mee och global Léisungen ze fannen. Zënter dem Start vun der Pilotphase virun zwee Joer hunn de Martin Güdelhöfer a seng Equipe scho vill Iddie gesammelt an éischt Projete begleet. Esou droen d'Garen op de Grenzen elo Duebelnimm, fir déi Bezéiungen iwwert Grenzen eraus ze symboliséieren. De Stopp zu Perl heescht beispillsweis elo Perl-Schengen.
Do dernieft, gëtt och u Méiglechkeete geschafft, fir Dréipunkten am ëffentlechen Transport ze schafen - sougenannt multimodal Mobilitéits-Hubs. Dat si Garen oder Busstatiounen an der Grenzregioun, déi d'Leit ufuere kënne fir vun do aus den ëffentlechen Transport ze notzen. Do wier et Zil déi attraktiv ze gestalten. De Martin Güdelhöfer denkt dobäi ganz grouss.
"Man könnte das mitdenken mit einer Kita was sehr sinnvoll wäre oder anderen Angeboten, um das Umsteigen so angenehm wie möglich zu machen. Ganz wichtig wäre da die E-Mobilität mitzudenken, dass man da vor Ort erstens ein sicheres Fahrrad-Abstelllager hat und zweitens sein E-Bike laden kann, das gleiche gilt für das PKW."

Strategie vum Entwécklungskonzept

D'Strategie vum Entwécklungskonzept ass dobäi ëmfangräich awer däitlech festgeluecht. Et geet ëm eng grenziwwergräifend Koordinatioun. Projete ginn dobäi net selwer lancéiert, mee d'Aufgab vum Regionalmanager ass et Projeten ze begleeden, ze vernetzen an ze beroden, awer och ze préiwen ob et zu senger EOM Strategie passt.

Participatioun gouf am Entwécklungskonzept Iewescht Museldall vun Ufank u grouss geschriwwen. Et wëltl een d'Partenairen a Rheinland-Pfalz, dem Saarland a Lëtzebuerg mat abannen, sot de Martin Güdelhöfer. Dofir setzt d'Entwécklungskonzept fir d'Iewescht Museldall op een enkt Netzwierk, bestoend aus sougenannte Leader-Aktiounsgruppen. Déi begleede grenziwwergräifend Projeten an der Groussregioun.
Zum Grenzgebitt ronderëm d'Musel an der Groussregioun gehéieren net nëmme Lëtzebuerg, d'Saarland a Rheinland-Pfalz; mee och Frankräich. Déi Kooperatioun mat de franséischen Noperen am Entwécklungskonzept Iewescht Museldall gëtt och matgeduecht. De Martin Güdelhöfer erkläert, datt si mat Lëtzebuerg, Rheinland-Pfalz a mam Saarland zesummeschaffen. Et wier awer dacks eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, déi als éischt geprouft an entwéckelt misst ginn. Dowéinst wéilten si an enger Pilotphas als éischt sech op de Kärraum konzentréieren a konstituéieren.

Presidentschaft an der Rheinland-Pfalz

Virun zwou Wochen ass och déi nei Presidentschaft vu Rheinland-Pfalz iwwer d'Groussregioun ugaangen. De Martin Güdelhöfer bléckt op déi mat Hoffnung.

"Die Signale aus Mainz, von Frau Dreyer sind sehr positiv, was die grenzüberschreitende Zusammenarbeit anbelangt. Wir haben da auch schon konkrete Leitlinien, die wir zusammen angehen sollen, innerhalb der Gipfelpresidentschaft, aber ganz klar auch über das EOM"
Fir déi éischte Kéier, goufem dem ieweschte Museldall 6,8 Milliounen Euro EU-Mëttel zur Verfügung gestallt. Domat kéinten d'Projete bis zu 60 Prozent ënnerstëtzt ginn. Zesumme mat de 40 Prozent déi vun anere Finanzementer komme stinn dann 11,3 Milliounen Euro fir déi nächst véier Joer Projeten zur Verfügung.