Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jay Som - The Bus Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inkubator fir Europa?

Groussregioun

Inkubator fir Europa?

"Europa entsteet an der Groussregioun". Mat dem Saz huet d'Saarland d'Presidence fir d'Groussregioun vu Lëtzebuerg iwwerholl. Fir eng konkret Zesummenaarbecht bleift allerdéngs nach villes ze maachen, huet et zu Rëmersche geheescht.

auto_stories

2 min

Vertrieder aus fënnef Regiounen hu beim Sommet vun der Groussregioun deelgeholl. Foto: SIP / Axel Kohlhaas.

Et wier wichteg, ee legale Kader ze schafe fir déi gemeinsam Projete wéi zum Beispill Formatiounszenteren oder den Noverkéier ze droen, esou de saarlännesche Regierungschef Tobias Hans nom Sommet zu Rëmerschen. Dofir géif ee sech an der EU fir den ECBM asetzen, den "European Cross Border Mechanism", deen engem eng juristesch Grondlag kéint ginn.

Iwwer déi rezent Propose vum Wirtschafts- a Sozialcomité vun der Groussregioun vun engem Gemeinsame Fong fir d'Groussregioun gouf net diskutéiert, esou déi lëtzebuergesch Ministesch fir d'Groussregioun Corinne Cahen.

Zesummenaarbecht iwwer d'Grenzen

Ob den ëffentlechen Transport an Zukunft fir Frontaliere kéint gratis gi wier net geschwat ginn. Méi wéi dräi Véierel vun den am ganzen iwwer 230.000 Grenzgänger an der Groussregioun hunn 2017 hei am Land geschafft.

Onkloer wier och nach villes bei der grenziwwerschreidender medezinescher Versuergung. De Ministerpresident vun der däitschsproocheger Gemeinschaft vun der Belsch, den Oliver Paasch, mengt, datt Leit d'Plus-value vun der EU net géife spieren, wa si net d'Méiglechkeet hätte fir ouni Problemer an e Spidol oder bei en Dokter déi aner Säit vun der Grenz ze goen, ouni datt dat eppes kascht.

D'Leit matrappen

Ënner der Lëtzebuergescher Presidence wier d'Groussregioun a ville Beräicher weiderkomm, huet et nom Sommet vun der Groussregioun geheescht. Een Zil vun der Saarlännescher Presidence an den nächsten zwee Joer wier et elo d'Projete méi siichtbar ze maachen an d'Mënsche méi matzerappen.

De saarlännesche Regierungschef Tobias Hans ënnersträicht, datt Europa an der Groussregioun entsteet. "Und deswegen ist das ein Inkubator Europas und diese Entwicklung wollen wir nochmal in den Vordergrund stellen."

D'Groussregioun zielt 12 Millioune Mënschen a fënnef Regiounen: d'Lorraine, d'Saarland, d'Wallonie, Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg.