Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inneministère gëtt méiglecherweis strofrechtlech relevant Faiten u Parquet

Affär Traversini

Inneministère gëtt méiglecherweis strofrechtlech relevant Faiten u Parquet

Den Inneministère huet an der Affär Traversini zwee méiglecherweis strofrechtlech relevant Faiten un de Parquet weiderginn. Dat krute mir de Mëtteg op Nofro hin vum Ministère confirméiert.

auto_stories

1 min

Engersäits geet een am Inneministère dovun aus, datt den demissionäre Buergermeeschter Roberto Traversini keng Baugeneemegung vun der Gemeng gehat hätt fir d'Aarbechten u sengem Bungalow a Gaardenhaischen. Esou eng Erlaabnis géif den Erkenntnisser vum Inneministère no, net virleien, wier awer nieft där vun der Ëmweltverwaltung néideg gewiescht.

Anerersäits geet et ëm d'Opmoossaarbechte vum Haus, déi de Buergermeeschter jo bei sengen eegenen Zerwisser soll an Optrag ginn hunn. Och dee Fait gouf also un de Parquet weidergereecht. Vum Inneministère heescht et weider, datt de Vott vum PAG vum Mount Juni am Prinzip net misst annuléiert ginn. De Roberto Traversini hat dee Schrëtt jo fir Ufank Oktober ugekënnegt, well him virgeworf gi war, un deem Vott deelgeholl ze hunn obwuel säin eegenen Terrain dovu betraff war.

Allerdéngs, sou den Inneministère, wier mat deem Vott vum Juni dëst Joer nach keng Ëmklasséierung vun Terraine geschitt, sou datt de Buergermeeschter guer net hätt kënnen a sengem eegenen Interessi mat ofstëmmen.