Radioen

On air

Notturno  |  Feist - In Lightning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Input an Output

World Radio Day

Input an Output

Haut ass de Weltdag vum Radio, engem vun de populäerste Medien iwwerhaapt. Den 100,7-Direkter mécht sech bei där Geleeënheet Gedanken iwwer déi Lëtzebuerger Radioslandschaft, a besonnesch de Service public.

auto_stories

5 min

De Jean-Paul Hoffmann ass Direkter vum radio 100,7

De Radio war den éischte groussen elektronesche Massen-Medium. Hien huet den Accès zum Entertainment demokratiséiert an den Informatiounsfloss méi séier gemaach. De Radio huet Noriichte séier iwwer d'Distanz bruecht. De Radio huet Concerten och an d'Kiche vun deene Famillje bruecht, déi sech en Owend an enger Philharmonie ni hätte leeschte kënnen.

De Radio huet den Okkupant desinforméiert an d'Vollek ralliéiert - an och alt mol ëmgedréint. De Radio ass eng Tribün fir dat Nobelst, wat d'Mënschheet no vir dreift, an och fir hir schlëmmsten Tragedien. An dacks ass et einfach nëmmen deen Apparat, dee grad déi richteg oder eng nei interessant Musek spillt.

Méi Publicitéitsrecettë wéi déi kommerziell Tëlee

Radio ass e Business, och a virun allem zu Lëtzebuerg. Radio generéiert hei am Land Publicitéitsrecettë vun ongeféier 13 Milliounen Euro am Joer, dat ass duebel esou vill, wéi déi kommerziell Tëlee.
Lëtzebuerg hat ëmmer, vun Ufank un, eng speziell business-orientéiert Relatioun zum Radio. Aner Länner hunn e Radio an duerno eng Tëlee de service public opgebaut fir hir Populatioun an hire Sproochen audiovisuell mat Informatiouns-, Kultur- an anere Programmer ze versuergen.

Vun Ufank u goufen zu Lëtzebuerg dem Land seng souverän Rechter op Frequenzen - där nationaler an där internationaler - enger kommerzieller Entreprise vermaach. Déi domat populär a ganz profitabel Programm fir d'Ausland gemaach huet, an donieft och Radio an Tëlee fir de Lëtzebuerger Marché produzéiert huet, mat e puer Oplagen de service public. Dëst war e Modell, aus deem de Mythos gesponne gouf, datt Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht hat, eng audiovisuell Offer ze schafen, déi am Contraire zu anere Länner näischt oder wéineg kascht.

Radio als Synonym fir nation branding

Mee et huet awer wuel een heifir bezuelt, an zwar den Annonceur. An doriwwer eraus huet Lëtzebuerg vun der audiovisueller Offer vun den Nopeschlänner profitéiert. N'empêche - de Radio war laang Zäit de Synonym fir nation branding zu Lëtzebuerg.

Ufanks den 1990er gouf et international eng Liberaliséierungswell, an de Rescht vun Europa huet kommerziell audiovisuell Medien entdeckt. Lëtzebuerg huet genee zu deem Moment mat dësem radio 100,7 den Ufank vun engem selbstännegen audiovisuelle Service public geschaaft.

D'Valeur ajoutée vum Service public

Mat schmuele Moyenen, déi vu successive Regierungen erhéicht goufen, liwwere mir haut eng Offer de service public. Dat heescht:

  • Informatioun an Hannergrond, professionell, vertrauenswierdeg an ouni verstoppten Agenda - fir e Land méi transparent ze maachen, wat sech séier ännert.
  • Dës Antenn ass dee gréisste Concertssall vum Land. 2016 huet dëse Radio eng Stécker Honnert Concerten opgeholl an iwwerdroe - Klassesches aus der Philharmonie a vun anere Plazen, Jazz an Elektronik etc.
  • Als "soziokulturelle" Radio féiere mir Kultur am Firmeschëld; mir ginn net nëmmen der Kulturzeen hei am Land eng Stëmm, mir si selwer e kulturellen Acteur, deen an de Kulturbetrib investéiert.

All dat ass d'Valeur ajoutée vum Service public: Onofhängegkeet, Qualitéit, Relevanz. Ofstand vun der Diktatur vum Audimat. Dofir sti mir haut, dat ass eis Missioun.

Internationale Standarden entsprieche mir net

Et ass Schued, datt iwwer audiovisuell Mediepolitik zanter den nonzeger Jore vum leschte Joerhonnert am Fong net méi nogeduecht gouf. Well do ass Muenches, wat iwwerduecht gehéiert. Deemools gouf Liberaliséierung an Diversifizéierung ugestrieft. Mee Lëtzebuerg huet haut eng audiovisuell Medielandschaft, wou d'Konzentratioun mat am héchsten an Europa ass. D'Gouvernance-Regele ware vläicht fir d'nonzeger Joren an der Rei; si sinn haut awer meilewäit ewech vun der internationaler best practice.

An dann d'Thema Inklusivitéit. Kaum ee Mediepolitiker wëllt haut driwwer nodenken, wéi de media de service public soll mat enger Populatioun schwätzen, déi zur Halschent aus Net-Lëtzebuerger besteet. Guer net ze schwätzen dovun, wéi d'Approche sollt sinn, wann mir mol 1,1 Milliounen Awunner hunn an den Tram endlech fiert.

Eegestännege Service public net ze bezuelen?

Dobäi huet sech de Mythos haartnäckeg gehalen, datt mir de cleverste Finanzéierungsmodell fir Audiovisuelles erfonnt hunn. Et héiert een elo nees Echoen dovun - wou verschidden Elementer vum neie CLT-Konzessiounsvertrag diskutéiert ginn. Weiderhi gëtt mat grousser Iwwerzeegung d'Thes kolportéiert, datt een eegestännegen audiovisuelle Service public fir Lëtzebuerg kee Sënn mécht, well dat jo einfach net ze bezuele wier.

Wa mir de ganze Finanzéierungsopwand rechnen, mat deem Steierzueler, Konsumenten an Annonceuren an Zukunft eisen "neie" Lëtzebuerger Modell vun deelweis privatiséiertem a subventionéiertem Service public an Tëlee a Radio solle speisen, da kënnt eng Zomm vu bal 50 Milliounen Euro am Joer eraus.*

Dës 50 Millioune finanzéieren dann eng part-time kommerziell Tëleeschaîne plus eng zweet als Ofklatsch; an de radio 100,7 an och nach en anere kommerzielle Radiosender, an eng kommerziell Internetplattform, déi wéi eng Klick-Maschinn funktionéiert, an en aneren ëffentlech-rechtlechen Internet-Site. Dat alles fir 38 Millioune kumuléiert Subventiounen, Publicitéitsrecetten, Budgets-Dotatiounen.

Ee Bléck op Island

Zum Vergläich: Island, zanter der Futtball-WM "everybody’s darling", e Land mat enger Traditioun vu klasseschem Service public, mat enger Populatioun méi kleng wéi Lëtzebuerg, mat manner Wirtschaftsleeschtung, a mat enger komplexer Topographie a Geographie, déi e Radios- an Tëlees-Reseau vill méi deier mécht. Island stécht pro Joer 40 Milliounen Euro a säin audiovisuelle Service Public.

A kritt dofir: zwou Tëleeschaînen, openeen ofgestëmmt; dräi Radiokanäl, komplementar, an eng Internet-Plattform. An den Output?


* Korrektur (20. Februar): An enger éischter Versioun huet den Auteur de Chiffer vun 38 Milliounen Euro genannt, dee sech awer just op e Semester bezitt an net op e Joer.