Coronavirus Insgesamt 113 Clusteren an Alters- a Fleegeheemer

An den 69 Strukture fir eeler Leit hei am Land goufen et am Ganzen 113 Clustere vun Infektioune mam Corona-Virus: pro Cluster goufen et an der Moyenne ronn 28 Fäll an d'Clusteren hunn duerchschnëttlech e Mount laang gedauert.

Serge Kesseler / tt / cz

Jeannot Waringo

Lauschteren


Bei de Clustere waren an der Moyenne zu zwee Drëttel d'Bewunner betraff a bei engem Drëttel d'Personal.

Dat steet an der onofhängeger Etüd vum Aarbechtsgrupp iwwert d'Corona-Fäll an den Alters- a Fleegeheemer an am betreite Wunnen: eng Etüd ënnert der Koordinatioun vum Jeannot Waringo, déi de Moie virun den Deputéierte vun alle Chamber-Kommissioune am Cercle Municipal virgestallt gouf.

Tëschent dem Mäerz 2020 an dem Juni 2021 sinn an de Strukturen 345 Persoune gestuerwen, déi positiv op de Corona-Virus getest gi waren. D'Proportioun vun Doudesfäll bei Bewunner mat Covid, louch hei am Land bei 18 Prozent, heescht et an der schrëftlecher Etüd, déi eis virläit.

Vill Onkloerheete fir d'Haiser

A senger Presentatioun huet de Jeannot Waringo dräi verschidde Welle vu villen Infektiounen an de Strukture fir eeler Leit beschriwwen. Hien huet d'Fro opgeworf, firwat am Summer net profitéiert gouf, fir e Krise-Plang auszeschaffen. Donieft goufen an der Etüd Problemer bei de Recommandatioune vum Famillje-Ministère mat den Haiser festgestallt.

"'Libre de prendre ses responsabilités' gouf interpretéiert vu villen Haiser, wéi wa si an engem Flou artistique géife gelooss ginn."

Zum Deel wiere méintelaang keng Recommandatioune vum Familljeministère un d'Strukture gaangen. Zum Deel wier fir d'Haiser och onkloer gewiescht, wéi e Ministère hiren Uspriechpartner an der Kris war. De Jeannot Waringo hätt awer kee Refus vun den Haiser festgesallt, fir d'Reeglen z'observéieren. awer festgestallt.

Niddreg Impfbereetschaft a Fleegestrukturen: "E komesche Phenomeen"

Erféiert gewisen huet de Jeannot Waringo sech awer doriwwer, datt sech a verschiddenen Haiser manner wéi d'Hallschent vum Personal sech impfe gelooss huet.

"Mee fir dann dat ze conciliéiere mat sengem Beruff, dat verstinn ech net. An dofir ware mir eis eens, wann een dat op der Plaz gesäit, wann e gesäit wat déi Haiser, d'Direktioune sech Méi maache fir dann eraus ze fannen, ob e villäicht geimpft ass, da ginn heemlech Lëschte gemaach (...) Et ass schonn e komesche Phenomeen."

Den Expertegrupp huet och festgestallt, datt am Altersheem Lauterbann zu Nidderkuer Feeler geschitt wieren. Do wier zum Beispill spéit an an engem klenge Sall geimpft ginn. Et wier och een aalt Haus a vill Zëmmeren hätte keng Toiletten, sou datt d'Bewunner misste zirkuléieren.

Schaarf Kritik vun der Oppositioun un der Familljeministerin

No der Presentatioun vum Rapport waren et de Moien dann och éischt politesch Reaktiounen. Jee no politescher Faarf war et zolidd Kritik un der Familljeministerin di hier Aufgab net erfëllt hätt an d'Alters-a Fleegeheemer am Stach gelooss oder awer de Verweis, datt een an der Pandemie net alles konnt wëssen a säi Bescht gemaach hätt. Fir D'Martine Hansen vun der CSV ass d'Responsabilitéit vun der Familljeministerin awer kloer engagéiert.

"Jo ma ech denke et soll een d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg analyséieren an dann eben do kucken wat dann do anescht misst gemaach ginn. Wat definitiv hätt missen anescht gemaach ginn, dat ass datt kloer Recommandatiounen un d'Haiser hätte misse goen. D'Haiser waren op sech eleng gestallt, d'Haiser haten herno op eemol, et huet een net richteg gewosst wien huet d'Verantwortung, an dat ass awer eng Missioun vum Ministère den do déi dote Verantwortung an eisen Aen huet. "

Och de Sven Clement vun de Piraten ass der Meenung dat de Familljeministère praktesch onsiichtbar gewiescht wier an d'Santé d'Aufgab vun der Koordinatioun ëmmer méi hätt missen iwwerhuelen. Fir d'CSV wier et awer kloer, datt d'Aarbecht an d'Responsabilitéit net ëmmer gedroe goufen.

"Mir waren deemools retizent fir de Récktrëtt ze fuerderen, mir wäerten elo nach eng Kéier hei eng ganz Rëtsch Froen opwerfen an op Basis dervunner wéi d'Äntwerten ausfalen, wäerte mer entweder bei der Positioun bleiwen oder eng nei Positioun formuléieren."

Majoritéitspolitiker attestéieren der Familljeministerin eng gutt Féierung

D'Alters-a Fleegeheemer wieren zu kengen Moment ouni Recommandatioun gewiescht an déi vum Juni hätten och fir den Hierscht gegollt, sou de Gilles Baum vun der DP. D'Familljeministerin hätt domadder genee dat gemaach, wat hier Aufgab war.

"Zu kengem Moment hätten d'Heemer keng Recommandatioune gehat an dat wéi geschafft ginn ass hu mer natierlech mat dem beschte Wësse gemaach wat mer dee Moment haten. Lo mam Recul, bal e Joer hannendrun, do wësse mer, ok, lo géifs de dat Eent oder Anert vläicht anescht maachen, mee zu kengem Moment haten d'Haiser keng Richtlinnen, an zu kengen Moment, an dat ass jo och ganz kloer eraus komm de Moien, waren d'Haiser eleng gewiescht. Si hätten keen Uspriechpartner gehat, dat ass eis virgeworf ginn, ass awer net de Fall an dat ass och ganz kloer hei aus dem Rapport esou eraus komm."

Den Dënschdeg wäerten an der Chamber déi eigentlech Diskussiounen zu dësem Rapport an der Plenière ufänken, déi kënnege sech lo scho ganz kontrovers un.

Méi zum Thema

Claudia Monti
Gesellschaft

D'Ombudsman Claudia Monti fuerdert weider, datt si an Zukunft och ka Reclammatiounen aus Altersheemer kann entgéint huelen. Si hätt der Chamber eng entspriechend Propos gemaach, esou d'Claudia Monti.

Pitt Bach
Gesellschaft

Den OGBL bleift kritesch bei der geplangter Testflicht vun dësem Sonndeg u fir d'Personal aus ënnert anerem den Alters-a Fleegeheemer a Klinicken. D'Tester solle virun op fräiwëlleger Basis gemaach ginn.

Marc Fischbach
Covid-Gesetz

D'COPAS ass prinzipiell averstane mat der geplangter Testflicht fir d'Personal an den Alters- a Fleegeheemer. Dat géif awer eng Rei Erausfuerderunge mat sech bréngen, seet de Marc Fischbach.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen