Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Nei Musek vu Verneri Pohjola a Léleka

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inspektorat gëtt duerch 15 regional Direktiounen ersat

Grondschoul

Inspektorat gëtt duerch 15 regional Direktiounen ersat

An der Grondschoul ersetze 15 regional Direktiounen vun der Schoulrentrée un d'Inspekteren. Nieft engem Direkter, ginn et Directeurs adjoints, déi enk mat de Schoul-Presidenten, dem Léierpersonal an den Elteren zesumme schaffen. D'Zil ass et, déi bildungspolitesch Virgabë vum Educatiounsministère um Terrain mat de Schoulen ëmzesetzen.

auto_stories

1 min

Déi nei regional Direktioune suivéieren déi laangfristeg Qualitéits-Entwéckelung vun de Schoulen, esou de Geroges Ney, Président sortant vum Collège des inspecteurs.

An all Regioun ass een Directeur adjoint zoustänneg fir d'commission d'inclusion ze leeden. Déi Kommissioun ersetzt d'CIS, d'Commission d'inclusion scolaire. Si ass zoustänneg fir d'Prise en charge vu Kanner mat spezifesche Besoien.

An all regional Direktioun ass eng ESEB-Equipe virgesinn - déi sougennannten Équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers. Déi Equippe solle bis déi nächste Rentrée stoen.

Am Hierscht sinn eng 70 spezialiséiert Enseignanten am Asaz. Laangfristeg sinn 150 där Poste virgesinn. D'Zil ass et datt d'Kanner mat spezifesche Besoien do an d'Schoul gi wou se wunnen.

Kompetenz-Zenteren

Déi regional Direktioune schaffen intensiv mat de Kompetenz-Zenteren zesummen. Déi si spezialiséiert op Fäll vu Kanner mat Léier-Schwieregkeeten, Verhalens-Stéierungen oder héich begaabte Schüler. Och d'Kompetenz-Zentere vun der Éducation différenciée (EDIFF) schaffen am Reseau zesummen. Domat entsteet ee Resource-Zenter fir d'Léierpersonal a fir d'Elteren.

Déi regional Direktioune sinn an Zukunft och zoustänneg fir d'Personal. Do soll sech d'Direktioun mat der individueller Entwécklung vun de Carrièrë vum Personal an dem Wuelbefannen op der Aarbecht befaassen.

Interview Geroges Ney