Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - A Little Less Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Institutioun vu gudden Norichten"

EU-Wirtschaft

"Institutioun vu gudden Norichten"

Investitioune vun op d'mannst 315 Milliarden Euro an dräi Joer - dat war dat ambitionéiert Zil vum sougenannte Juncker-Plang am November 2014. No zwee Joer si schonn 72 Prozent dovunner ëmgesat. Fir hire President gehéiert d'EIB zu de "success stories" vun der EU.

auto_stories

3 min

An de 60 Joer, déi d'EIB zu Lëtzebuerg ass, wier se onwahrscheinlech gewuess, sou de Werner Hoyer. "An dat, ouni datt d'Ëffentlechkeet et wierklech weess." Souguer Politiker wiere sech der Wichtegkeet vun der Institutioun net ëmmer bewosst. "Souguer Membere vum Europäesche Conseil wëssen net ëmmer, wat mir maachen." Fir datt d'Bank optimal genotzt kéint ginn, misst dat sech änneren.

Déi Europäesch Investitiounsbank fërdert all méiglech Projeten, virun allem an der EU, mä och weltwäit. Si ënnerstëtzt kleng a mëttel Entreprisen, Ëmweltprojeten oder investéiert an Infrastruktur. "Mir sinn eng Institutioun, déi gutt Noriichte verbreet, well mir eis mat Realwirtschaft beschäftegen", erkläert de Werner Hoyer. "An enger Zäit, wou vill Negatives iwwer d'EU gesot gëtt, ass dat wichteg. Mir sinn eng 'good-news-institution'."

Och räich Länner brauchen Hëllef

D'Investissementer am Kader vum Juncker-Plang riichte sech iwwerdeems un alleguer d'EU-Memberlänner. "Och a räiche Länner wéi Lëtzebuerg oder Däitschland ginn et Beräicher, an deene vill Investissementer néideg sinn." Zu Lëtzebuerg hätt ee besonnesch an energieeffizient Transport-Projeten an a Schoulen investéiert.

"A wann ee sech Däitschland an hir Schoulen ukuckt, dat ass erbäermlech. Ouni Kreditter vun der EIB géif et éiweg dauere, bis do eppes geschitt", seet de fréieren däitschen Deputéierten.

Brexit: Enorme Problem

An den nächste Jore kënnt mam Brexit e groussen Challenge op d'EIB duer. "Groussbritannien huet mat déi meeschte Parten un der Bank - gutt 16 Prozent." Nom Brexit fält dat Kapital eweg. No de Statute vun der EIB däerf een d'Parten net handelen. "Et hänkt also vun de Brexitverhandlungen of, wéi dat geléist gëtt."

Wann de Brexit ofgeschloss ass, sinn d'Briten automatesch net méi Member vun der EIB. "Groussbritannien huet keng eege Fërderbank, si hu sech ganz op d'EIB verlooss. Sou lues mierke si wat geschitt, wann den Zougang zu deene Sue fort ass." De Portfolio vun der Investitiounsbank am Vereente Kinnekräich ass 50 Milliarden Euro schwéier. "Verschidde Projete lafe souguer bis 2053. Och hei ginn et oppe Froe, wéi déi Assets rechtlech ofgeséchert sinn."

Klimaschutz als Prioritéit

Viru knapps zwou Woche goufen nees Fërderungs-Projeten ugekënnegt. Eleng am Beräich "clean energy" gi 4,3 Milliarden Euro investéiert. "Wat propper Energie a Klimaschutz ugeet, do war d'EIB schonn ëmmer vir dobäi", sou de Werner Hoyer. "Ouni d'Investitiounsbanken wier och de Klimaaccord vu Paräis net méiglech gewiescht." Am Ganze gi 25 Prozent vun allen Investissementer a klimaschutzrelevant Projete gestach.

Datt d'USA aus dem Paräisser Akkord erausklammen, fënnt de Werner Hoyer schued. Dëst géif awer net d'Investissementer vun der EIB an deem Beräich futti maachen. "Déi amerikanesch Bundesstaaten, déi grouss Stied an och d'Industrie wëllen an hunn Interêt drun, an der Klimapolitik de Cours ze halen." Et wéisst ee jo nach guer net, op den Donald Trump seng Pläng kéint ëmsetzen. "D'Europäesch Investitiounsbank léisst sech vun den USA jiddefalls net beaflossen."