Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Integratioun ass esou vill méi"

Integratioun an Accueil

"Integratioun ass esou vill méi"

D'Integratiounsministerin wäert an Zukunft net méi zoustänneg gi fir de Volet Accueil vun de Flüchtlingen. D'Integratioun an den Accueil gi vunenee getrennt. Deen Deel vum OLAI (Office luxembourgeois de l'accueil et de l'intégration) gëtt dem Immigratiounsministère ënnerstallt. Dat wier de Wonsch vun den Associatioune gewiescht, esou d'Corinne Cahen.

auto_stories

2 min

D'Corinne Cahen ass Familljeministesch a war Verhandlungscheffin fir d'DP.

Zesumme mam Jean Asselborn hätt d'Corinne Cahen gekuckt, wat d'Leit um Terrain soen. "Ech mengen, datt et sënnvoll ass, datt Leit, déi aus dem Krich kommen, déi aus enger schwéierer Situatioun kommen, datt déi e Guichet unique souzesoen hunn." Et wier de Wonsch gewiescht, datt déi Leit alleguerten "aus enger Hand" betreit géife ginn.

Den "Vivre ensemble" thematiséieren

Eng weider Erklärung, wisou datt Integratioun an Accueil getrennt géife ginn, kann een och bei der Integratioun selwer feststellen. Bis elo wier, wann ee vun Integratioun geschwat huet, domat ëmmer automatesch Flüchtlingspolitik gemengt. Integratioun géif awer vill méi bedeiten, esou d'Corinne Cahen:

"Integratioun hei am Land, wou bal 50 Prozent vun den Awunner net Lëtzebuerger sinn, dat si jo net alles Flüchtlingen. Dat si Leit, déi heihinner wunne kommen, déi heihinner schaffe kommen, deenen hir Kanner hei an d'Schoul och ginn. Déi aus wéi engem Grond och ëmmer hei sinn. Déi ganz vill och d'duebel Nationalitéit och kréien. Dee "Vivre ensemble" ass eppes, wat mir nach vill méi thematiséiere mussen, an dat wollte mir nach eng Kéier vill méi grouss a vill méi wichteg maachen. An dofir hu mir dat esou decidéiert.

Recht op Deelzäitaarbecht: Mat Sozialpartner verhandelen

Wann d'Betriber net genuch Leit fanne fir ze rekrutéieren, da misste se vläicht och iwwer d'Aarbechtskonditioune vun hire Salariéen nodenken. Dat seet d'Familljeministesch Corinne Cahen zur Kritik vum Romain Schmit. De Generalsekretär vun der Fédération des artisans huet déi weider geplangte Flexibiliséierung vum Congé parental kritiséiert.

Am Koalitiounsaccord ass virgesinn, e Recht op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn anzeféieren. Dat soll mat de Sozialpartner ausgehandelt ginn. D'Corinne Cahen mengt awer net, datt dat schwiereg Verhandlunge wäerte ginn.

No iwwer engem Mount Verhandlunge sinn d'lescht Woch d'Koalitiounsverhandlungen op en Enn komm. De Regierungsaccord tëschent DP, LSAP an déi gréng gouf e Méindeg vun de Verhandlungscheffe vun de jeeweilege Parteien ënnerschriwwen. En Dënschdeg hunn d'Gremie vun den dräi Parteie gréng Luucht ginn. E Mëttwoch gouf déi nei Regierung vum Grand-Duc vereedegt.