Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Shade Plant

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Integratioun duerch Sport: FC Esch United

Lieweg Integratioun

Integratioun duerch Sport: FC Esch United

De Stefan Guden wollt als Ofschloss vu sengem Studium an de Sozialwëssenschaften op der Universitéit zu Tréier net nëmmen eng reng theoretesch Aarbecht schreiwen. Hie wollt analyséieren, wéi Integratioun duerch Sport funktionéiert an huet zu Lëtzebuerg no engem Veräin gesicht, deen eng fest Equipe mat Refugiéen huet - ouni Succès. Virun zwee Joer dunn huet de Stefan Guden decidéiert, selwer esou e Projet an d'Liewen ze ruffen.

auto_stories

5 min


De Reportage vum Tessy Steffen Koenig:

Lauschterenplay_arrow


Déi 20 käppeg Equipe vum FC Esch United trainéiert ee- bis zweemol d'Woch, seet hiren Trainer Stefan Guden. Fir de Projet un d'Rullen ze kréien, huet hie sech viru ronn zwee Joer mat der Escher Gemeng a mat der Cartitas zesummegesat. Seet de Stefan Guden. D'Spiller a senger Equipe sinn all zanter e puer Méint bis fënnef Joer hei zu Lëtzebuerg. De Projet Esch United soll de Refugiéen d'Integratioun vereinfachen, erkläert de jonken Trainer.

"Am Sport ass et ganz egal, wéi eng Hautfaarf, datt s du kënns, vu wou s du kënns, wéi eng Sprooch, datt s du schwätz. De Fussball ass eng Sportaart, déi op der ganzer Welt gespillt gëtt, och aner Sportaarten. Fussball ass eng vun de wéinege Gemeinsamkeeten, déi si mat anere Leit hunn, wa si heihinner kommen. Si kennen d'Reegelen, mir kennen d'Reegelen, et sinn och déi selwecht Reegelen. Dat heescht, du gees op den Terrain, spills zesummen, hues Spaass an esou léiers de dann och deen een oder anere kennen. Um Terrain kënnt et awer och vir, datt ee matenee kommunizéiere muss, egal wéi eng Sportaart et ass. Esou gi si och e bëssi gezwongen, eng aner Sprooch, déi si hei an der Schoul léieren, am Alldag ze schwätzen."

Gréisstendeels géif Franséisch oder Englesch geschwat ginn. Zwee Drëttel vun de Fussballspiller kommen aus Eritrea. Et sinn awer och Leit dobäi, déi aus Länner wéi Afghanistan, Irak oder Iran kommen, seet de Stefan Guden.

D'Problemer vergiessen

Et géif een och vill zesumme kucke goen, fir datt d'Spiller d'Land besser kenneléieren an dono och méi selbststänneg ginn. Obwuel d'Aktivitéiten op fräiwëlleger Basis géife berouen, wier meeschtens jiddwereen dobäi. Ee vun hinnen ass de Lamin Manga aus Gambia. Hien huet vu Klengem u gär Fussball gespillt an hie genéisst et, fir sech zesumme mat de Kolleegen ze gesinn a Fussball ze spillen. "Dat ass d'Liewen", seet hien.

Fir vill vun de Refugiéë bedeiten Trainingen emol Zäit fir sech ze hunn, an d'Suergen an d'Problemer ze vergiessen. No all Training géifen d'Spiller mat engem Laachen heemgoen, an dat huet ee méi e laangfristegen psychologeschen Effekt, seet de Stefan Guden.

De Stefan Guden an de Lamin Manga

FC Esch United

Heiansdo géife seng Spiller awer och mat Privatem bei de Stefan Guden kommen.

"Mat jiddwerengem kënnt dat emol vir, virum Training, nom Training, vläicht kënnt deen een eng Kéier éischter oder e bleift méi laang. An da ginn déi ënnerschiddlech Themen ugeschwat. Dat kënnen aktuell Theme sinn oder wa si Froen mat de Pabeieren hunn, fir Aarbecht ze fannen oder och wéi et der Famill grad geet."

Fir de 27 Joer alen Trainer vum FC Esch United wier et awer och wichteg ze wëssen, vu wou seng Spiller eigentlech kommen a wéi laang si schonn zu Lëtzebuerg sinn. Si géife sech meeschtens freeën, datt ee sech fir si interesséiert. Fir seng Spiller ass de Stefan Guden dacks déi éischt Vertrauenspersoun. "Bei Verschiddene souguer och déi eenzeg. Ech soen hinnen awer och, datt si mech solle froen, wa si eng Fro hunn", sou de Stefan Guden.

Verschidde Forme vun Integratioun

Den FC Esch United gouf virun zwee Joer vum Stefan Guden an d'Liewe geruff - deemools als Projet fir seng Bacheloraarbecht op der Universitéit zu Tréier. De Stefan Guden huet a senger Bacheloraarbecht d'Thees an d'Konzept vertrueden, datt et véier verschidden Aarte vun Integratioun ginn. Déi éischt Integratioun geschitt um sozialen Niveau, erkläert de jonken Trainer vum FC Esch United.

"Et ass ganz einfach Leit kennenzeléieren, si sollen net nëmmen ënner sech bleiwen. Et kommen och heiansdo Kolleege mat trainéieren. Si sollen och hei e soziaalt Ëmfeld opbauen. Da gëtt et déi kulturell Ebene: Si sollen engersäits d'Land kenneléieren. Anerersäits awer och eppes ganz Banales wéi d'Sprooch. An der Schoul léiere si zwar d'Sprooch, si léiere schreiwen a liesen, mee jiddweree weess, datt och wann een eng Sprooch an der Schoul geléiert huet, kann ee se net onbedéngt schwätzen. Dat soll och méi gefërdert ginn."

Virun allem soll dat iwwer dat Franséischt goen. Heiansdo géif awer och nach Englesch geschwat ginn, well déi meescht vun de Spiller - déi aus ënnerschiddleche Länner kommen - Englesch verstinn a kënne schwätzen. Déi drëtt Form vun Integratioun géif um strukturellen Niveau funktionéieren, seet de Stefan Guden.

"Déi strukturell Integratioun ass ganz breet gefächert. Dat geet vun 'wéi gëtt en CV geschriwwen? Wéi gëtt eng Lettre de Motivation geschriwwen?' awer och 'Wéi kommen ech vun A op B?' Et geet drëm am Alldag mat den Institutiounen eens ginn. Fir eis banal Saachen, mee fir si ass dat net ëmmer esou liicht, well et et deelweis net gouf oder ganz anescht war."

Identifizéierung geschitt och iwwer d'Gefill

Dem Stefan Guden wier et wichteg, datt sech seng Spiller wuelfillen, an datt si sech mat deem, fir si neie Land och identifizéiere kënnen. Dat ass och de véierten a leschten Niveau vum Stefan Guden sengem Integratiounskonzept.

"Et geet net drëm, datt ee selwer mengt, et wier een integréiert, mee et geet och ëm d'Gefill: wéi fillen ech mech hei am Land. Wéi mir de Match Lëtzebuerg géint San Marino zesumme kucke gaange sinn, hu si mech gefrot: 'Wat sangen déi Lëtzebuerger do hanner dem Goal?' Do hunn ech hinne gesot, wat si sangen an hinnen dat iwwersat. Duerno hu si dat selwer gesongen, obwuel déi Lëtzebuerger ronderëm keng Stëmmung gemaach hunn. Do hunn ech gemierkt, 'ah, si identifizéieren sech awer.' Oder well mir ëmmer op där selwechter Plaz Fussball kucke ginn oder Training halen, kréie si iergendwann hir Repèren, do wou si sech och mol kënnen zeréckzéien. Do bilt sech dann en Heemechtsgefill."

Déi véier verschidden Integratiounsniveaue kéint een awer net eenzel betruechten oder trennen. Déi Eng géifen an déi Aner iwwergoe, respektiv se géifen openeen opbauen. Zum Beispill spille während dem Training all d'Forme vum Integratiounskonzept eng Roll, esou nach de Stefan Guden.