2016 war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) mat enger Delegatioun op Wirtschaftsmissioun an den Iran. Den Atomdeal, deen 2015 tëscht dem Westen an dem Iran fonnt gouf, huet gehollef: Zanterhier hätt d'Chambre de Commerce regelméisseg Seminären a Missiounen organiséiert, fir Betriber, déi um Handel mam Iran interesséiert waren, esou de Generaldirekter vun der Handelskammer Carlo Thelen.
Et wiere scho Betriber do, déi traditionell méi präsent wieren, sou wéi am Stol, an der Logistik oder an der Telekommunikatioun. Et hätt een awer gemierkt, datt och méi kleng Betriber interesséiert wieren, zum Beispill Consultanten, Interieuren, Architekten a Prestataires de services.
Eng konservativ Approche
Mee elo änneren d'USA hir Politik: Wann d'Vereenegt Staaten elo géifen ufänken, europäesch Betriber fir hir Relatioune mam Iran ze bestrofen, missten d'Betriber kucken, wéi ee Marché fir si méi wichteg wier, esou de Carlo Thelen:
"Déi Volumen, déi mam Iran gehandelt ginn, sinn oft net esou grouss wéi déi, déi Firme mat Amerika hunn, an dat ass da kloer ofzeweien. An déi Firmen, déi do Erfarung mat deene Relatiounen hunn, ech denken datt déi déi am Moment och net wäerten ofstellen. Et wäert wahrscheinlech zu enger konservativer Approche elo kommen, fir elo mol net weider ze fueren awer och net direkt ofzebriechen."
Lëtzebuerg huet zejoert Gidder am Wäert vu bal 430 Milliounen Euro an d'USA exportéiert. An den Iran waren et sechs Milliounen, esou de STATEC.
Betriber, déi bis ewell nach keng Aktivitéiten am Iran hunn, wieren elo wahrscheinlech méi virsiichteg, esou de Carlo Thelen. D'Chambre de Commerce géif ofwaarden, wéi d'Situatioun sech entwéckelt. Wann déi politesch Situatioun ze onsécher géif ginn, kéinte si awer kenge Betriber méi roden, am Iran ze investéieren. De Generaldirekter vun der Handelskammer hofft, datt d'Europäesch Kommissioun sech kloer par Rapport zu den USA positionéiert an d'Betriber protegéiert.
D'Fanny Kinsch am Panorama den 11. Mee um 18 Auer: