Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Interims-Comité iwwerhëlt Dagesgeschäft

radio 100,7

Interims-Comité iwwerhëlt Dagesgeschäft

auto_stories

1 min

De radio 100,7 soll nom Depart vum Direkter Jean-Paul Hoffmann iwwergangsméisseg vun zwou Persounen aus dem Verwaltungsrot an engem 100,7-Mataarbechter geleet ginn. Dat huet de Verwaltungsrot gëschter decidéiert an haut matgedeelt. Dësen Interims-Comité gëtt presidéiert vum Nancy Braun, d'Michèle Vallenthini ass Suppleante. Wéi een 100,7-Mataarbechter an deem Comité ass, ass nach net gewosst. Déi Modalitéite missten nach definéiert ginn, esou de Verwaltungsrot.

D'Iwwergangsphas fänkt de 15. Dezember un, wann de Jean-Paul Hoffmann de Betrib no senger Demissioun verléisst. Fir de Recrutement vun engem neien Direkter wëllt de Verwaltungsrot sech vun enger externer Struktur begleede loossen. Vu wiem, ass net gewosst. Als éischt soll e Profil definéiert ginn, och an Ofsprooch mat de Mataarbechter, dem Verwaltungsrot an dem Nach-Direkter. Am Selektiounscomité ass de Conseilspresident Laurent Loschetter an d'Conseilsmember Tania Brugnoni.

Wéi de Verwaltungsrot sech an der Diskussioun iwwer eng besser Gouvernance positionéiert, soll op enger ausseruerdentlecher Conseilsreunioun den 13. Dezember decidéiert ginn. D'Europäesch Unioun vun den ëffentlech-rechtleche Medien huet an de leschte Méint zweemol kritiséiert, datt et beim radio 100,7 e Risiko vu politescher Ofhängegkeet gëtt, well eleng d'Regierung d'Membere vum Verwaltungsrot designéiert an de Budget vum Radio fixéiert.