Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Poppy Ajudha - Watermelon Man (Under The Sun)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ International Enquête iwwer d'Lëtzebuerger Finanzplaz

#OpenLux

International Enquête iwwer d'Lëtzebuerger Finanzplaz

Lëtzebuerg wier nach ëmmer eng Steieroase an d'Kontroll géint illegal Aktivitéite wier ze schwaach. Dat sinn zwou vun de Konklusiounen no enger laanger Enquête vun internationale Medien. Haut de Moie ginn éischt Resultater ënnert dem Stéchwuert OpenLux publizéiert. Ënnert der Leedung vun der franséischer Zeitung LeMonde hu méi wéi 15 international Partner méi wéi 3 Milliounen Dokumenter aus dem Lëtzebuerger Firmeregëster analyséiert.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg géif internationale Grousskonzerner hëllefe Milliarde Steieren anzespueren. Et geet Rieds vu Blanchiment, Fraude a Korruptioun. D'Enquête huet ee Joer laang gedauert.

De Lëtzebuerger Journalist Luc Caregari vun der Wochenzeitung woxx huet mat un der Enquête geschafft. Hie wier de Mann zu Lëtzebuerg gewiescht, seet de Luc Caregari. Hien hätt fir déi international Medien Interviewe vermëttelt an Opklärungsaarbecht gemaach.

Gréisser Fäll am Firmeregëster

An der Enquête hätten d'Journalisten Zougrëff gehat op déi integral Donnéeën aus dem Registre des Bénéficiaires Effectifs (RBE) an dem Registre de Commerce et des Sociétés (RCS). D'Journalisten hätte kënnen no Saache sichen, déi iwwer den normale Wee um Internet net méiglech sinn - zum Beispill no Nimm vu Persounen.

Dobäi wieren och gréisser Saachen opgefall. De Luc Caregari schwätzt vu "ganz bekannte Leit" a "Regimmer, déi net super clean sinn", déi bei de Recherchen opgefall wieren. Hie wéilt awer net de Scoope vun de Journalistekolleege virgräifen.

Eng vun de Konklusiounen: am Lëtzebuerger Firmeregëster géifen et Fäll gi, bei deenen eigentlech all d'Alarmklacken missten ugoen. De Luc Caregari nennt als Beispill, datt bei perséinlechen Date d'Gebuertsdeeg am Joer 2087 leie sollen. "Dat si keng kleng Keeleclibb, mee finanziell Holdingen, wou mer falsch Saache fonnt hunn".

International Medien: D'Diere sinn op fir Blanchiment

Wat muss am LBR dra stoen, baséiert op enger EU-Direktive an gëtt net vun der Lëtzebuerger Regierung decidéiert.


International Press um Méindenplay_arrow



Sou ginn beispillsweis just Aktionären am Register agedroen, déi op d'mannst 25 Prozent vun de Parte vun enger Firma halen.

Bei de ville Lëtzebuerger Investmentfonge ginn d'Investisseuren also net agedroen. Dat géif d'Dier opmaache fir Blanchiment, schreift d'Süddeutsche Zeitung, allerdéngs ouni wierkleche Beleg an ouni Verweis, datt d'Clientë vun Investmentfongen am Fong vun hirer Bank misste gepréift ginn.

An den Artikele geet Riets vu Kriminellen, Waffenhändler a Mafiabossen, déi hei Firmen hätten. Konkret weist awer keng vun de Publikatiounen, wéi hir Lëtzebuerger Firmen a kriminell Aktivitéite verwéckelt gewiescht wieren. Vun der enger op déi aner Zeitung sinn et och presuméiert Krimineller oder averéierter.

Déi däitsch, belsch a franséisch Journaliste quantifizéieren, wéi vill vun hire Landsleit Firmen hei hunn. Och eng ganz Rëtsch Milliardären hunn hei Firmen. An doraus zéien si d'Konklusioun, datt se wéinst der Steieren hei sinn. Dat awer anescht wéi bei Luxleaks mat de Rulingen ouni konkret Beispiller.

Wann an den Artikele vu Beträg riets geet, déi anere Staaten u Stéiere wéinst Lëtzebuerg géif duerch d'Lappe goen, sinn dat Estimatioune vun ONGen.

Eng grouss international Envergure

De Luc Caregari mengt, wann d'Resultater bis all publizéiert sinn, kréich d'Enquête virun allem op internationalem Plang eng grouss Envergure. Zu Lëtzebuerg hofft hien op en Ëmdenken: mat der riseger Finanzplaz hei am Land hätt Lëtzebuerg eng "extrem Responsabilitéit".

Fir de woxx-Journalist stellt sech d'Fro, ob Lëtzebuerg dëser Responsabilitéit gerecht gëtt. "Dat hei ass eng Enquête, déi dës Fro do éischter mat 'Nee' beäntwert."

D'Lëtzebuerger Autoritéiten hätten dem Journalisteconsortium schrëftlech op d'Froe geäntwert, en Interview virun der Kamera wier net méiglech gewiescht, esou de Luc Caregari.

Explikatioune vun de Ministeren an der Chamber

Vun haut um 7 Auer u publizéieren ënner anerem LeMonde, LeSoir an d'Süddeutsche Zeitung mam Stéchwuert OpenLux hir Resultater aus der Enquête iwwer de Lëtzebuerger Firmeregëster.

An den zoustännege Chamberkommissioune sollen de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an d'Justizministerin Sam Tanson (déi gréng) den Deputéiert de Moien Explikatioune ginn.

An engem éischte Statement weist déi Lëtzebuerger Regierung d'Virwërf vu sech. Et fir ee konform mat den internationale Regulatiounen an Transparenzstandarden. Weder d'EU nach d'OECD géife Lëtzebuerg eng schiedlech Steierpolitik reprochéieren.