Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: "D'EU ass den Ament keng Gemeinschaft"

EU-Politik

Jean Asselborn: "D'EU ass den Ament keng Gemeinschaft"

Frënd - Feind - Konkurrent? D'Relatiounen tëscht der EU an den USA sinn net einfach den Ament. Den amerikanesche President hat d'EU de Weekend an engem Interview mat CBS als Feind bezeechent. Eng Ausso, déi d'EU-Ausseministeren gëschter zu Bréissel erféiert huet. Dat seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am 100,7 Interview.

auto_stories

3 min

Den amerikanesche President Donald Trump huet de Weekend an engem Interview mat CBS, d'EU als Feind bezeechent. Eng Ausso, déi e Méindeg op der Reunioun vun den Ausseministere fir Gespréich gesuergt huet. D'USA wieren nach ëmmer als Frënd ze gesinn, sot zu Bréissel d'EU-Chef-Diplomatin Federica Mogherini. Och anerer hu déi enk Lienen tëscht der EU an den USA betount.

Als Äntwert op dem Donald Trump seng Provokatiounen sollten d'Europäer virun allem kucken, ënner sech nees eng Communautéit hierzestellen, seet de Jean Asselborn. Dat wier den Ament net de Fall, dat géif een ënner anerem un der Migratiounpolitik gesinn.

"Net all Wuert vum Här Trump op d'Wo leen"

"Den Donald Trump ass net d'USA", dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Bei den Definitiounen "Feind", Frënd" a "Konkurrent" vum amerikanesche President misst "een heiandso Loft huelen, fir alles ze verstoen", sou de Lëtzebuerger Chef-Diplomat am 100,7-Interview.

"Ech sinn zur Konklusioun komm, datt een net méi all Wuert vum Här Trump soll op d'Wo leeën an all Kéier ufänken, grouss Philosophien ze féieren. Dat ka muer erëm total anescht sinn".

D'EU sollt als alleréischt "dat, wat mir ëmmer waren, déi Gemeinschaft erëm hiergestallt kréien, wëll déi si mir den Ament net", sou de Jean Asselborn a verweist dobäi op d'Migratiounspolitik.

"Ech si vläicht an der EU e bëssen an der Minoritéit"

Hei pocht de Lëtzebuerger Chef-Diplomat nach ëmmer op de Prinzip vun der Solidaritéit ënner den EU-Memberlänner an dorop, dat d'Laascht misst gerecht verdeelt ginn. Zu Wien hat den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz virun zwou Woche gesot, de Jean Asselborn wier mat dëser Haltung an der Tëschenzäit an der Minoritéit an der EU.

"Ech si vläicht e bëssen an der Minoritéit", gëtt den Jean Asselborn zou. Hie bleift awer dobäi: "Mir kréien d'Migratioun net an de Grëff, wa mir eis op d'Baussegrenzen fokusséieren." Et wier een "Trugschluss, de Leit dat esou ze soen". All Mesure, déi zanter 2015 geholl gouf, hätt mat der Protektioun vun de Grenzen ze dinn.

Hie wier awer iwwerzeegt, datt "wa muer nees eng Kris wéi 2015 wär, bannen engem Dag deen nämmlechte Chaos wier an der EU." Dowéinst misst een och "no banne kucken, fir déi Repartitioun vun de Laaschten op eng mënschlech Aart a Weis hinzekréien".

Lëtzebuerger Regierung zitt un engem Strang

Op d'Fro, ob hien och an der Lëtzebuerger Regierung e bëssen an der Minoritéit ass an op een do un engem Strang géif zéien, seet de Jean Asselborn: "Selbstverständlech, soss wier ech net méi an där Regierung."

D'Decisioun, déi 15 Refugiéë vum Rettungsschëff Liefeline opzehuele wier no enger Debatt am Regierungsrot geholl ginn.

"Ech si gefrot ginn, de Premier ass och gefrot ginn", sou de Jean Asselborn. "Dono hu mir eng Debatt gefouert an d'Konklusioun ass déi, datt mir der 15 geholl hunn, déi elo ukomm sinn. C'est tout."