Radioen

On air

De Moien  |  Blood Orange - Saint

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Investigative Journalismus als Waff géint de Populismus

Medien

Investigative Journalismus als Waff géint de Populismus

Nom Donald Trump senger Attack op déi sougenannte "Fake News" hu vill Medienhaiser reagéiert a sinn am Ëmbroch. Net nëmmen wéinst der Konkurrenz vun den neie Medien an de sozialen Netzer, mä well si fundamental a Fro gestallt ginn. Positiv dorunner ass, datt vill Medienhaiser elo verstäerkt a qualitativen an investigative Journalismus investéieren.

auto_stories

3 min

Pressekonferenz vum US President Donald (picture alliance / Ron Sachs)

Net nëmmen an autoritäre Regimmer ass d'Press a Gefor, mä och elo a Länner, déi zu den Demokratien op dësem Planéit gëllen. Et ginn net méi haaptsächlech Journalisten ugegraff, déi probéieren hiren Job ze maachen an engem geféierlechen Ëmfeld, wéi an engem Krisegebitt oder enger Diktatur. Journalisten, déi traumatiséiert aus Kricher erëmkommen oder hiert Liewe loossen, an un déi d'Organisatioun Reporter ouni Grenzen all Joer erënnere muss.

Press als Feind vum Vollek

D'Gefor ass hei eng aner. Si kennt vu bannen, andeem journalistesch Aarbecht an hir Legitimitéit systematesch a Fro gestallt gëtt. "Lügenpresse" hunn opgereegte Pegida Demonstranten dat an Däitschland genannt. Den amerikanesche President Donald Trump huet d'Press als "Feind vum amerikanesche Vollek" kritiséiert. An d'Dëppe vun de "Fake News" an alternative Fakte ginn an Tëschenzäit och déi seriö Medie gehäit. An dat grad vun deene Leit, déi deene geféierleche Flüttespiller ouni ze zécken hir Stëmm ginn.

Déi Medie si verkaf oder manipuléiert, heescht et. Oder si gehéieren zum Mainstream, dem sougenannten "Establishment". A wann do och nach Intellektueller sech ausdrécken, ass dat besonnesch louche. Begeeschtert gëtt da materlieft, wéi den amerikanesche President Journaliste virféiert, si op Twitter mam Numm nennt an erofmécht, an si dann och nach aus dem Wäissen Haus geheie geet. Et ass eng Krichserklärung un d'Press, wéi d'USA dat zënter dem Mc Carthy an de 50er Joren net méi erlieft hunn. Op enger Linn mat der Tierkei, Russland, China, fir nëmmen déi ze nennen.

D'Medien erwächen

Interessant ass awer elo d'Reaktioun op déi Offensiv. Wéi déi franséisch Wirtschaftszeitung Les Echos schreift, ass d'Press am Gaange waakreg ze ginn a mécht sech Gedanken iwwert eng Weiderentwécklung vun hirem Beruffsstand an hirer Missioun. A si setzt verstäerkt op hiren Tromp - nämlech den investigative Journalismus.

Well ënnert de viregte Regierunge war d'Press schléifreg ginn. Et gouf un de regelméissege Briefingen deelgeholl. Déi goufe schéin erëmginn, alles a geregelte Bunnen. Esou guer Krichsreporter goufe gemittlech agebett. Déi eenzeg Erausfuerderung war et, fir éischter mat der Nouvelle erauszekomme wéi de Konkurrent.

Haut ass d'Kommunikatioun vun der Regierung esou chaotesch, datt esou guer déi Reporter, déi nach an d'Wäisst Haus eran däerfen, net méi wëssen, ob si laachen oder kräische sollen, wa si vum President eenzel Nouvellen opgedëscht kréien. An dat féiert elo dozou, datt si sech op de Wee maachen, fir hir eegen Informatiounsreseauen opzebauen. E Stéck méi wäit ewech vun den offizielle Statements, mä ouni Zweiwel méi no bei der Wourecht, esou laang déi Informatiounen iwwerpréifbar sinn.

Qualitativ Verbesserung

Wat awer och nach interessant ass, dat ass, datt d'Chefetagë vun de Medienhaiser den Enjeu verstanen hunn, an net méi just Dividendë fir hir Actionnairë virun Aen hunn. Esou gi ganz Equippe vu Journalisten agestallt, déi an neien Enquêtebureauen zesummeschaffen. Donieft ginn héich securiséiert Mail Adresse geschaf, wou potenziell Informante sech kënne mellen. Aner Computerprogrammer ginn entwéckelt, fir "Fake News" opzedecken. Déi bescht Korrespondente ginn aus dem Ausland zréckgeruff. Esou sinn zum Beispill déi staark Lienen tëscht Moskau an dem Trump senger Administratioun opgedeckt ginn.

Fir d'Editeuren ass d'Rechnung fir de Moment opgaangen. D'New York Times huet eng véierels Millioun méi Abonnenten, d'Washington Post krut zejoert 75 Prozent méi Lieser. Ob dëst allerdéngs bedeit, datt dee groussen Deel vun der Populatioun, dee mat den traditionelle Medie schonn ofgeschloss hat, nees de Wee an de Kiosk zréckfënnt, weess nach keen. Ze genéisse bleift awer déi spannend Erneierung vum investigative Journalismus.