Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der DP bei Déi Gréng: De Charles Muller erkläert säi Wiessel

Gemengewalen Stad

Vun der DP bei Déi Gréng: De Charles Muller erkläert säi Wiessel

De Finanzaffekot Charles Muller geet an der Stad fir déi Gréng mat an d'Gemengewalen, obwuel hie virdrun e puer mol fir d'DP kandidéiert hat. Säi Wiessel wär drop zréckzeféieren, datt hie méi Wäert op d'Thema Nohaltegkeet wéilt leeën - mee och domat, datt déi Déi Gréng mëttlerweil eng Partei sinn, déi Verantwortung iwwerhëlt, esou de Charles Muller de Moien hei op der Antenn: Et wär him wichteg, datt déi Gréng bereet si Kompromësser ze maachen, déi dann och ëmgesat ginn, an net just extrem Positiounen an der Oppositioun vertrieden.

auto_stories

2 min

Parteiewiessel kommen net sou heefeg vir. Beim Charles Muller war dat awer de Fall. Duerch d'Presenz an der Regierung iwwerhuelen och déi Gréng politesch Verantwortung, sou de Finanzaffekot.

"Dir kennt extrem sinn, an an der Oppositioun setzen - oder dir kennt Kompromësser maachen, an awer eppes mat bewierken. Dat schéngt mer wichteg: Datt een an der Politik net nëmmen Iddie lancéiert an dann an der Oppositioun setzt, mee och bereet ass eppes ze bewierken."

Hien huet am Interview mam Rick Mertens net verstoppt, datt hien och drun interesséiert ass seng Kompetenz aus dem Finanzberäich an déi national Politik anzebréngen.

"Nohaltegkeet ass e Ganzt - do kann een net soen: Ech interesséiere mech elo nëmme fir de Finanzdeel dovunner. Et ass awer kloer, datt ech mat menger Kompetenz mech och vläicht éischter National kann abrénge bei deene Gréngen. Mee déi zwee ginn awer iergendwéi zesummen, dofir freeën ech mech och op dee Gemengewalkampf."

Bei der Fro ob hien dann och bei de Chamberwale wéilt matgoen, seet hien, datt en d'Iddi hätt fir sech zur Verfügung ze stelle fir och bei de nationale Wale matzegoen, mee hie wier awer net eleng fir déi Decisioun ze huelen.

A wann der méi genee wëllt wësse firwat de Charel Muller vun der DP bei Déi Gréng gewiesselt ass, da fannt der de ganzen Interview mat him op 100komma7.lu