Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Julien Licheron: "Logementer sinn am 1. Trimester 23 méi bëlleg ginn"

Logement

Julien Licheron: "Logementer sinn am 1. Trimester 23 méi bëlleg ginn"

De Julien Licheron geet dovun aus, datt den Observatoire de l'Habitat a senger nächster Note Enn Juni d'Tendenz confirméiert, déi de Site athome.lu ugangs des Mounts festgestallt hat. Nämlech, datt Haiser an Appartementer am 1. Trimester 2023 e gutt Stéck méi bëlleg gi sinn wéi se dat virun engem Joer waren.

auto_stories

2 min

Julien Licheron, LISER-Chercheur (Foto: Lisa Lahos)

Allerdéngs ginn et grouss regional Ënnerscheeder. Wärend Wunnengen am Zentrum néng Prozent méi bëlleg gi sinn, goufe se am Norden zéng Prozent méi deier. D'Éislek ass also ëmmer méi gesicht, an dat zitt d'Präisser an d'Luucht. De Julien Licheron stellt dee Phänomeen schonn zanter enger hallwer Dose Jore fest.

Zanter 2017 staark Hausse vu Präisser

Tëscht 2010 an 2017 hätt et eng Hausse vun de Präisser ginn, déi haaptsächlech vun der Stad Lëtzebuerg gedroe gouf. Op engem nationalen Niveau wieren dat 4,5 bis 5 Prozent gewiescht, woubäi et an der Stad éischter siwe Prozent waren. Am Norde vum Land hätt d'Hausse vun de Präisser an der Reegel ënner dräi Prozent pro Joer geleeën.

Zanter 2017 géif et eng staark Hausse vu Präisser ginn, déi bal dat ganz Land betreffe géif, erkläert de Julien Licheron. Tëschent 2017 an 2021 wieren a 60 vu 66 Gemengen zweestelleg Haussë vun den annuelle Präisser festgestallt ginn. Och de Norde wier dovu concernéiert. A Stied wéi Klierf oder Wolz hätte Präisser staark iwwert deem geleeë wéi virdrun.

Hausse hänkt vun der Entwécklung vun den Zënsen of

Ob et sech dobäi just ëm eng Momentopnam oder eng dauerhaft Berouegung vun de Präisser dréint, géif haaptsächlech vun der Entwécklung vun den Zënsen ofhänken, erkläert de Chercheur vum LISER.

Déi rezent Haussen hätten dozou geféiert, datt d'Leit déi musse léine goen a sech vill manner deier Objete kënne leeschte wéi nach virun engem Joer. De Julien Licheron schätzt dee Verloscht u Kaf-Capacitéit op 20 bis 25 Prozent. Hien ënnersträicht, datt dat ee groussen Effekt op Demande vun engem Logement hätt.