E Géigefinanzement ass net virgesinn. De Luc Frieden zielt drop, datt wann d'Leit an d'Betriber méi Geld zu hirer Verfügung hunn, dat gutt ass fir Konsum an Investitiounen an datt op déi Manéier nei Steierrecette generéiert ginn.
"Eise Modell baséiert drop, datt mat manner Steiere méi Aktivitéit entsteet. Déi kënnt de Betriber zegutt, déi kënnt den Aarbechtsplazen zegutt. An domat kommen dann och erëm méi Steieren eran."
Accès zur Santé ass net gutt
Den Accès zur Santé wier net gutt zu Lëtzebuerg, sot den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden, dat misst substantiell geännert ginn. D'Waardezäite wieren einfach ze laang - beim IRM sou gutt wéi an der Urgence. De Grond firwat dat esou ass, läit fir de Luc Frieden op der Hand.
"Eise System, dee mir haut hunn, ass ze vill zentralistesch organiséiert, vum Ministère iwwer d'Spideeler, an déi decidéieren alles. Mir wëlle selbstverständlech, datt den Tarif, deen ee bezilt, iwwerall dee selwechten ass. Mir wëllen awer, datt vill méi Privatinitiativ zougelooss gëtt."
Si wéilten, datt et Maisons médicalen uechter d'ganzt Land géife ginn, déi siwen Deeg op siwe funktionéiere géifen. Zil dovu wier fir eng ganz Rei Déngschtleeschtungen am Gesondheetsberäich, déi an engem Spidol gemaach ginn an enger Maison médicale gemaach kéinte ginn.