Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kierchbierg: D'Zuel vun den Awunner soll sech versiwefachen

Fonds du Kirchberg

Kierchbierg: D'Zuel vun den Awunner soll sech versiwefachen

De Kierchbierg soll an de nächste Joren ëmmer méi zu engem Wunngebitt ginn, erkläert de Mark Widong, den Direkter vum Fonds de Kirchberg. Dëst duerch d'Erschafe vun engem neie Wunnquartier um Kuebebierg an duerch d'Verännerung vun Deeler, déi scho bebaut sinn.

auto_stories

2 min

De Marc Widong ass den Direkter vum Fonds du Kirchberg.

Den Ament géif et um Kierchbierg nach e ganz staarken Desequiliber ginn tëschent der Zuel vu Leit déi do schaffen an deenen déi do wunnen, seet de Mark Widong, den Direkter vum Fonds du Kirchberg.

Dës Zuele sollen an Zukunft méi ausgeglach ginn an den Undeel vu Leit, déi um Kierchbierg wunnen, soll sech an de nächste Jore versiwefachen.

Neie Wunnquartier um Kuebebierg

Zu dësem Ausgläich bäidroe soll zum Beispill en neie Wunnquartier um Kuebebierg. D'Bauaarbechte sollen a fënnef bis sechs Joer ufänken, erkläert de Mark Widong.

An aacht Joer sollen hei déi éischt Awunner kënnen eraplënneren. Wann de Quartier am Hang Richtung Weimeschkierch da bis ganz fäerdeg ass, sollen eng 7.000 Leit do wunnen.

Mat dem neie Projet géif de Kierchbierg ëmmer méi zu engem Wunngebitt ginn, esou den Direkter vum Fonds du Kirchberg:

"Mir wäerten d'Zuel vun de Leit déi hei schaffen an de nächste Jore mol siwe multiplizéieren: Vu 4.000 op 28.000 Awunner. A parallel wäert d'Zuel vun de Leit, déi hei schaffe vu 40.000 op 60.000 Dausend Leit erop goen."

Verännerung vun Deeler déi scho bebaut sinn

Den Deel vum Kierchbierg deen elo scho bebaut ass, soll sech an de nächste Joren och veränneren. An deem Kontext erkläert de Marc Widong datt ee mam dänesche Büro Gehl géif zesummeschaffe fir d'Avenue Kennedy nach eng Kéier zeréckzebauen an eng Noverdichtung ze kreéieren.

Dofir géing een d'Gebaier nach méi no un d'Strooss baue mam Zil fir méi Densitéit ze schafen, a méi Liewen a Geschäfter an d'Stad ze kréien.

Esou géif d'Entwécklung vun der Avenue Kennedy sech an d'Richtung "urbane Milieu" upassen.