Wéinst der Energiekris Meris Sehovic: D'Regierung muss séier zilgeriicht Mesuren op de Wee bréngen

Déi Gréng hätten den Tankrabatt just matgedroen, fir en Accord an der Tripartite méiglech ze maachen, seet hire Co-President Meris Sehovic. Vun der Mesure u sech hätt seng Partei awer zu kengem Moment eppes gehalen, ënnert anerem well se komplett on-selektiv wier. Anescht wéi déi séier Direkthëllef, déi déi gréng elo fir all d'Leit am Land fuerderen, déi kee grousst Akommes hunn.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Meris Sehovic
De Meris Sehovic ass de Co-Parteipresident vun der grénger Partei.

Hie geet dovun aus, datt alleguer déi politesch Acteuren zu Lëtzebuerg missten agesinn, datt et selektiv Mesurë brauch, wat déi Kris méi laang undauert an "datt mer net kënne mat der Géisskan fueren". Dat kéint de Staatsbudget net verkraaften an dofir misst een do hëllefen, wou déi gréissten Noutlage bestinn.

Déi vun de Grénge gefuerdert Direkthëllef fir Leit, déi kee grousst Akommes hunn, misst séier kommen, se misst selektiv sinn, op eng onkomplizéiert Aart a Weis ausbezuelt ginn, a vun enger Gréisstenuerdnung sinn, déi den tatsächleche Méikäschten entsprécht, sou de Meris Sehovic. Et wier jiddefalls elo wichteg, datt d'Regierung d'Signal gëtt "Mir loosse keen an der Keelt sëtzen".

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Wäermepompel
Energie an Hëtzt

D'Demandë fir al Heizungsinstallatiounen duerch méi moderner ze ersetze wiere bei sengem Betrib ëm ronn 40 Prozent geklommen, esou den Alexander Kieffer, Vize-President vun der Handwierkerkammer am 100,7-Interview.

Tankrabatt
Staatlech Mesure

Vun haut u gëtt et kee staatlechen Tankrabatt méi. De Staat hat bei den Accisen um Sprit op 7,5 Cent verzicht fir d'Präisser ze drécken. Déi ëmstridde Mesure soll de Staat 65 Milliounen Euro kascht hunn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen