Humanitär Hëllef Caritas: "D'Keelt ass de gréisste Problem fir vill Ukrainer"

De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg war eis live vu Kiew zougeschalt. Hien ass am Moment am Gaangen sech an der Géigend ëm Kiew e Bild dovun ze maachen, wéi een de Leit op der Plaz kann am beschten hëllefen. Een anere Sujet war déi rezent Visitt vum Joe Biden.

Michael Feit
De Michael Feit ass Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg.

Dem Joe Biden säi Besuch gëschter zu Kiew wier ganz gutt bei der lokaler Populatioun ukomm. Dat seet de Michael Feit vu Caritas Lëtzebuerg, den am Moment an der ukrainescher Haaptstad ass.

Visitt vum Biden huet Sécherheetsgefill ginn

Vill Kiewer géifen d'Visitt vum US-President als Zeeche gesinn, datt d'Ukrain net géif vu senge Partner vergiess ginn. Dat géif och d'Sécherheetsgefill op der Plaz stäerken, esou de Michael Feit.

"Selbst der Luftalarm, der ja während Bidens Besuch kam, wurde eigentlich quasi völlig ignoréiert. Kaum einer ist in die Metro gegangen, kaum einer ist in die Schutzräume gegangen. Weil jeder sagte: Wir sind in Sicherheit, das wird nicht passieren, weil Biden ist da."

D'Populatioun wier och frou iwwer déi zousätzlech militäresch Ënnerstëtzung, déi den Joe Biden ugekënnegt huet. Och wann d'Leit vill eegent Leed missten erdroen, sou wier d'Solidaritéit mat der Arméi grouss, seet de Caritas-Vertrieder.

Fënnef Millioune Flüchtlingen déi nach am Land sinn

D'Keelt ass am Moment de gréisste Problem fir vill Leit an der Ukrain. Dee Constat huet de Michael Feit gemaach. Hien ass am Moment am Gaangen sech an der Géigend ëm Kiew e Bild dovun ze maachen, wéi am beschte kann op der Plaz gehollef ginn.

Op Hëllef ugewise wieren dobäi virun allem déi Ukrainer, déi kee festen Dag iwwer dem Kapp hunn.

"Wir reden ja hier von fünf Millionen Flüchtlingen, die noch im Land sind. Also fünf Millionen Menschen, die nicht zu Hause wohnen, die in teilweisen prekären oder katastrophalen Situationen leben, die gerade jetzt im Winter frieren, und sich dann mit dem Nötigsten über Wasser halten."

Et krit een ëmmer iergendwéi eppes fir ze iessen, mengt de Michael Feit. Mee et géing u Wiermt feelen, fir déi kal Temperature gutt erdroen ze kënnen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Borys Bilan
Hëllef aus Lëtzebuerg

De Borys Bilan ass ee 44-Joer-ale polnesche Mann aus Lëtzebuerg, deen dës Woch fir d'néngte Kéier humanitär Hëllef an d'Ukrain bruecht huet. Vun Iessen iwwer Medikamenter bis hin zu Käerzen: Alles gëtt gebraucht.

Carole Reckinger.jpg
Aarmutsbekämpfung

D'Caritas huet am Virfeld vun de Gemengewalen déi politesch Parteie mat enger Rei Revendicatioune konfrontéiert. Dobäi geet et virun allem ëm d'Roll vun de Gemenge wat finanziell Ënnerstëtzungen ugeet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen