Radioen

On air

De Moien  |  Foals - 2001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: Méiglecherweis verschidde Léisungen

Präisdeierecht

Tripartite: Méiglecherweis verschidde Léisungen

An der nächster Tripartite gëtt méiglecherweis op ënnerschiddlechen Inflatiounszenarie geschafft: dat huet den LCGB-President Patrick Dury am 100,7-Interview duerchblécke gelooss.

auto_stories

1 min

De Patrick Dury ass President vum LCGB

Deemno kéint et also sinn, datt verschidde Léisungen ausgehandelt ginn, op déi dann zeréckgegraff ka ginn, deemno wéi d'Situatioun sech entwéckelt.

Wat d'Zukunft vum Tankrabatt, dee jo déi nächst Woch ausleeft ubelaangt, huet de Patrick Dury sech laanscht eng kloer Ausso gedréckt.

Zum geplangten Enn vum Tanktourismus huet hien allerdéngs kloer Wieder fonnt:

"D'Ofschafe vum Tanktourismus bedeit net, datt an der EU oder an der Groussregioun 1 Liter Diesel manner getankt gëtt. Den Tanktourismus ewechhuelen ass eng ideologesch Debatt, well domat d'Lëtzebuerger Regierung hir Klimaziler erreecht, mee et gëtt kee Gramm CO2 manner ausgestouss. Dat ass en Objektiv vun der Regierung gewiescht. Mir sinn an enger Kris, an enger Kris ass Krisemanagement erlaabt, an da muss ee vläicht ideologesch Iwwerleeunge fir fënnef Minutten op d'Säit leeën"

Den Tanktourismus huet fir de Patrick Dury näischt mat Klimaschutz ze dinn, ënnersträicht den LCGB-President am 100,7-Interview.