Sécurité Routière "Eis Stroosse sinn erëm méi onsécher ginn"

"Eis Stroosse sinn erëm méi onsécher ginn". Der Meenung ass de President vun der Sécurité Routière, de Paul Hammelmann. No der Covid-Pandemie hätt Zuel vun den Doudesaffer bei Verkéiersaccidenter erëm zougeholl, sou de Paul Hammelmann.

Rick Mertens (Interview) Lisa Lahos (Web)

Paul Hammelmann
Paul Hammelmann, President vun der Securité Routière (Foto: Lisa Lahos)

De President vun der Securité Routière seet et wier "traureg", datt d'Diskussioun iwwer méi Verkéierskontrollen eréischt ëffentlech gefouert gëtt, nodeems dräi Leit bei engem Accident am Neiduerf gestuerwe sinn.

Eng Vitesselimitt vun 30 km/h?

D'Sécurité Routière géif zënter Jore méi Vitess-Kontrolle fuerderen, betount de Paul Hammelmann. D'Accident am Neiduerf wéilt hien awer net direkt kommentéieren. Et wieren a sengen Aen aner Instanzen déi hir Aarbecht maache missten.

"Datt elo a Virwahlzaite Parteipolitik domat gemaach gëtt, dat fannen ech e bëssen traureg. Op der anerer Säit, si Leit, déi hir Meenung elo changéiert hunn, an déi och elo fir 30 plädéieren, an do si mir frou driwwer."

Nieft zousätzleche Kontrollen, fuerdert d'Sécurité Routière nämlech och scho méi laang, datt d'Vitesslimitt an den Uertschafte generell op 30 Kilometer an der Stonn erofgesat gëtt. De Paul Hammelmann ass iwwerzeegt, datt d'Zuel vun de schwéieren Accidenter duerch déi Mesure géif erofgoen.

Hien argumentéiert, datt an Zukunft Verännerunge misste kommen. Et misst ee repressiv a präventiv virgoen. Eng Kontroll wier och eng Präventioun. An dem Sënn misste Campagne doriwwer gemaach ginn, fir vum Public acceptéiert ze ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Isabelle Medinger Meenung
Fräie Mikro

A Frankräich an zu Lëtzebuerg dréine sech grad Campagnen drëm, d'Zesummeliewen op der Strooss méi sécher ze maachen. Mee kaum wiessele mer de Moyen de Transport, scho changéieren eis Uspréch un den ëffentleche Raum an eis Perspektiv op déi aner.

Paul Hammelmann, Josée Lorsché, Yves Wagner
Mobilitéit

D'Vitess, den Alkohol an d'Virfaart ginn dacks als Haaptursaache vun Accidenter genannt. Eng Iddi wiere Share spaces, wéi zu Bartreng, seet de Paul Hammelmann. Dat misst op méi Plazen am Land agefouert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen