Radioen

On air

Notturno  |  Vic Chesnutt - Chinaberry Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SIGI: Op der Sich no engem neien Direkter

No de personelle Changementer

SIGI: Op der Sich no engem neien Direkter

Nieft engem neie Personalchef sicht de SIGI och - a virun allem - en neien Direkter: de Philippe Meyers, den neie President vum Syndikat, deen de Gemenge bei der Informatik hëlleft, huet de Moien hei op der Antenn confirméiert, datt den Nach-Direkter Carlo Gambucci, deen zanter bal engem Joer am Krankeschäin ass, net méi zréckkënnt.

auto_stories

2 min

De President vum SIGI Philippe Meyers. (Foto: Jo Diseviscourt)

No den turbulente leschte Méint hofft de SIGI op méi roueg Zäiten. Nieft personelle Changementer - gesicht ginn en neien Direkter an en neie Personalchef - soll dat och doduerch geléngen, datt de SIGI sech nees op seng eigentlech Aufgab besënnt, sou säin neie President Philippe Meyers.

Laanscht d'Clientë geschafft

Den LSAP-Schäffe vun Dippech kennt de SIGI als Chef vun der Informatik op der Escher Gemeng och aus der Siicht vum Client. De Syndikat sollt am Déngscht vun de Gemenge stoen an op hir informatesch Besoinen agoen, sot hien am 100,7-Interview. Dat wier mat der Zäit ëmmer manner de Fall gewiescht.

"Dat ass och näischt, wat vun engem Dag op deen anere komm ass. Wann ech dat dann aus der Perspektiv vum Client kucken, do huet ee scho lues a lues gemierkt - wann ech dann och mat den eenzele Servicer geschwat hunn -, datt de SIGI ugefaangen huet, laanscht Clienten ze schaffen."

De Philippe Meyers wéilt dem SIGI keng schlecht Aarbecht reprochéieren. Mee de Feedback vun de Clientë wier schlussendlech net genuch an hir Produiten eragefloss, esou de Philippe Meyers.

"Den Dialog, deen huet einfach net wierklech stattfonnt. An et ass do, mengen ech, wou mer virun allem mussen upaken."

Den Dossier ass um Parquet

Do dernieft huet de Philippe Meyers confirméiert, datt den Nach-Direkter Carlo Gambucci vun elo un Iwwerstonne géif eranhuelen, ier hien dann am 2024 seng Pensioun geet.

Op d'Fro, ob de Carlo Gambucci fir d'Mëssstänn, déi en ze veräntweren huet, nach geruedstoe misst, sot de Philippe Meyers:

"Déi Fro ass nach net ofschléissend gekläert, ob do nach eventuell en Dossier opgemaach gëtt oder net. Dat ass eng Décisioun, déi ech sécherlech net wäert eleng huelen: dat musse mer nach eemol mat de Leit, déi d'Auditte gemaach hunn, analyséieren, an da kucken ob do nach Suitte kommen."

De ganzen Dossier wier dann och un de Parquet gaangen. Do misst een elo kucken, wat dorausser entsteet, esou de Philippe Meyers.

De Comité vum SIGI huet nach en zweeten Dossier un de Parquet viruginn: do geet et ëm Reprochë vu sexuellem Harcèlement, woubäi awer bis elo net gesot ginn ass, géint wien déi Virwërf geriicht sinn.