Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Spidolsfederatioun wëllt "der AMMD d'Hand reechen"

Gesondheetswiesen

D'Spidolsfederatioun wëllt "der AMMD d'Hand reechen"

De President vun der Spidolsfederatioun ass zefridden, datt den IRM um Potaschbierg elo zesumme mam Stater CHL bedriwwe gëtt. Et wier de "richtege Modell" fir méi schwéier medezinesch Apparater just a Praxen unzebidden, déi vun de Spideeler mat geréiert ginn, esou den Dokter Philippe Turk.

auto_stories

1 min

D'Dokteschassociatioun AMMD gesäit dat anescht, a fuerdert weiderhin, datt d'Dokteren och selwer schwéier Apparater kënne bedreiwen. Den FHL-President wëllt awer weider den Dialog mat der AMMD sichen.

"Et gëtt sécher nach Leit, déi anerer Iwwerzeegung sinn."

Hie mengt awer och, datt ee mam livre blanc den Dialog erëm géif opmaachen. Et hätt een och wëlles Kontakt mat der AMMD a mam Cercle vun de Generalisten opzehuelen.

De Philippe Turk geet och dovun aus, datt d'Léisung déi fir de Potaschbierg fonnt ginn ass de richtege Modell ass fir iwwer Antennen Zerwisser baussent dem Spidol kënnen unzebidden.

Den FHL-President hofft, datt elo nach virun de Walen e Gesetz gestemmt gëtt, dat weider esou Strukturen erméiglecht.