Radioen

On air

E-Lodie  |  Enrico Coniglio - Flooded

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD fuerdert Remboursement fir "innovativ Behandlungen"

Santé

AMMD fuerdert Remboursement fir "innovativ Behandlungen"

D'Dokteschassociatioun fuerdert, datt d'Dokteren d'Méiglechkeet kréien, fir nei Behandlungen unzebidde fir déi nach kee Remboursement vun der Gesondheetskeess virgesinn ass. "Innovativ Traitementer", déi nei op de Marché kommen, géifen dacks net direkt vun der CNS rembourséiert ginn, esou de Vizepresident vun der AMMD hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

De Philippe Wilmes ass Vizepresident vun der AMMD. (Foto: Jo Diseviscourt)

Als Beispill huet de Philippe Wilmes d'Schmerztherapie genannt, déi laang net vun der Gesondheetskeess couvréiert gouf. Sou hätt et méi ewéi zéng Joer gedauert fir een Tariff ze fanne fir déi chronesch Schmerzpatienten.

"Dat si Leit, déi all Dag ënnert staarkem Schmäerz leiden. Déi hu missen an d'Ausland goen, an hunn onméiglech Périplen op sech geholl fir zu hire Behandlung ze kommen, well mir et hei zu Lëtzebuerg net fäerdeg bruecht hunn do en Tarif op d'Been ze stellen, den et erméiglecht hätt, déi Leit adequat en Charge ze huelen."

Fir datt esou Traitementer an Zukunft direkt kennen ugebuede ginn, misst een neie Finanzéierungs-Mechanismus bei der CNS geschaafe ginn, esou d'Fuerderung vum Vizepresident vun der AMMD.

Keng politesch Ambitiounen

Iwwerdeems huet de Vizepresident vun der Doktesch-Associatioun AMMD nach annoncéiert, datt hien net mat an d'Chamberwale wäert goen. De Philippe Wilmes geet op enger DP-noer Lescht mat an d'Gemengewalen, an hien huet och confirméiert, datt hie Member vun der liberaler Partei ass. Hien géif awer keng Karriär an der nationaler Politik ustriewen, esou de Philippe Wilmes de Moien hei op der Antenn.

"Ech hu keng nationalpolitesch Ambitiounen. Ech wäert net mat an d'Chamberwale goen, dat kann ech Iech haut hei op der Antenn soen. Ech hunn aner Projeten am Liewen, déi ech an de nächste Joren nach wëll poursuivéieren. An ech mengen et geet duer, wann een an der Famill op dem Niveau ënnerwee ass."

Den AMMD-Vizepresident ass dem Serge Wilmes säi Brudder, den an der Stad Lëtzebuerg als Spëtzekandidat vun der CSV an d'Gemengewale geet.