Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: Kënnt et zu enger Steierdiskussioun?

Am Virfeld vun der Tripartite

Tripartite: Kënnt et zu enger Steierdiskussioun?

Enn der Woch, den 3. Mäerz, ass Tripartite. An déi Dräierronn gëtt de Mëtteg an zwou Bi-partitten zu Senneng virbereet. Do gesinn de Premier an déi am meeschte concernéiert Ministere fir d'éischt eng Patronats- an dann eng Gewerkschafts-Delegatioun. Duerno däerft da feststoen, wouriwwer e Freideg am grousse Krees geschwat gëtt.

auto_stories

2 min

De Romain Schmit ass Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun.

Kënnt et do zu enger Steierdiskussioun? D'Gewerkschafte fuerdere jo vehement eng Upassung vum Barème un d'Inflatioun. Och wann d'Regierung bis elo ze verstoe ginn huet, datt d'Debatt doriwwer net an d'Tripartite gehéiert, mengt de Romain Schmit vun der Handwierker-Federatioun, datt et net anescht geet. Hie geet dovun aus, datt de gewerkschaftlechen Drock esou grouss ass, datt d'Theema ugeschwat wäert ginn.

D'Finanzministesch Yuriko Backes widderhëlt haut Dënschdeg am Interview mam Quotidien, eng Upassung vun de Steiertabell un d'Inflatioun wier an der aktueller Situatioun "net responsabel". Si seet awer och: Ech verschléisse mech kenger Diskussioun.

Diskutéiere wëllt d'Regierung, eegenen Aussoen no, e Freideg am Fong nëmmen iwwer zwee Punkten. Iwwer hiert Verspriechen, de Betriber déi drëtt Indextranche vum Joer (mat där, laut STATEC, am véierten Trimester ze rechnen ass) ze kompenséieren. Dat kéint den Ophänkert gi fir eng nei Index-Diskussioun.

"D'Patronat huet d'Hoffnungen, datt d'Regierung, an d'Sozialpartner vläicht erkennen, datt mer net à terme kënne weiderfuere mat deem Regimm vun der Indexéierung wou mer elo momentan fueren, mat zwou dräi Tranchen d'Joer."

Zweeten offizielle Sujet zu Senneng ass dann de méigleche sougenannte Phasing out oder d'Verlängerung vun den Hëllefen aus dem Solidaritéitspak 2.0. Do stellt sech d'Fro, a wéiwäit dës Regierung Engagementer huele kann fir eng Zäit wou si net méi un der Muecht ass. De Romain Schmit gesäit awer do kee Probleem. Hie plädéiert konkret fir eng Verlängerung vun de Mesurë bis wéinstens an den Abrëll 2024.

"Ëmgekéiert kann, mengen ech, awer och keng Regierung drun interesséiert sinn, enger Nofolger-Regierung - egal vu wéi enger Couleur oder Compositioun déi ass - déi waarm Gromper do weider ze reechen, datt déi da vum 15. Dezember bis Helleg Owend ka kucken, wéi se dee Probleem geléist kritt fir dat Joer drop."