Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Klassebeschten" an der Corona-Pandemie

Lëtzebuerg wärend der Covid-Kris

"Klassebeschten" an der Corona-Pandemie

Lëtzebuerg ass als "Klassebeschten" duerch d'Corona-Pandemie komm. Där Meenung ass den Direkter vum Luxembourg Institute of Health. Den Ulf Nehrbass seet, d'Zuele géifen am Réckbléck weisen, datt et richteg war mam Large-Scale-Testing esou vill wéi méiglech Leit ze testen. Lëtzebuerg hätt doduerch déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU gehat.

auto_stories

2 min

Den Ulf Nehrbass ass Direkter vum Luxembourg Institute of Health. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Direkter vum Luxembourg Institute of Health, Ulf Nehrbass, bewäert de Lëtzebuerger Ëmgang mat der Corona-Pandemie am Réckbléck ganz positiv. D'Zuele géifen haut weisen, datt sech hei am Land vergläichsweis manner Leit infizéiert hätte wéi an aneren europäesche Länner, an datt doduerch schlussendlech och manner Leit gestuerwe wieren.

Large-Scale-Testing huet seng Roll erfëllt

Fir den LIH-Direkter ass dat eng Confirmatioun, datt et trotz aller Kritik richteg war mam Large-Scale-Testing esou vill wéi méiglech Leit ze testen:

"Ich glaub, man muss die Dinge hinterfragen, die man macht. Aber genau so wichtig ist es im Rückblick zu verstehen, warum es so gut funktionniert hat, weil das natürlich ein Beitrag ist für die 'pandemic preparedness', also für das Vorbereitetsein, sollte es nochmal zu einer Pandemie kommen."

Den Ulf Nehrbass betount, datt sech réckbléckend erausstellt, datt et eng richteg a wichteg Moossnam war. Am Vergläich zu Däitschland gouf et zu Lëtzebuerg, opgrond vun de geréngen Infektiounszuelen, manner Leit an den Intensive Care Units a soumat och manner Doudesfäll.

Eng Etüd, déi d'Weltgesondheetsorganisatioun viru Kuerzem publizéiert huet weist, datt Lëtzebuerg 2020 an 2021 déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU hat.

Den Direkter vum LIH géif sech wënschen, datt an der Ëffentlechkeet nach méi staark géif ervirgestrach ginn, wéi eng Léieren een aus dem Lëtzebuerger Ëmgang mat der Corona-Pandemie kann zéien.