Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "A Majorzgemenge soll all Kandidat:in kënnen 2 Stëmme kréien"

Gemeng Buerschent

"A Majorzgemenge soll all Kandidat:in kënnen 2 Stëmme kréien"

Déi al an nei Buergermeeschtesch vu Buerschent plädéiert dofir, datt d'Wieler och a Majorzgemengen d'Recht kréien, eenzele Kandidaten zwou Stëmmen ze ginn. Déi Méiglechkeet, eng Präferenz auszedrécken, gëtt et aktuell am Walsystem net, bedauert d'Annie Nickels-Theis.

auto_stories

2 min

Annie Nickels-Theis, Buergermeeschtesch vu Buerschent (Foto: Lisa Lahos)

An enger Majorzgemeng hätt een ëmmer nëmmen néng Stëmmen. Et kéint een awer eng Differenz maachen tëscht deene Leit, déi een am Schäfferot wéilt hunn an deenen déi een am Gemengerot wéilt hunn, argumentéiert d'Annie Nickels-Theis. Si ass der Iwwerzeegung, datt sou d'Leit hiert Walrecht méi ausnotze géifen an och all hir Stëmme géife verginn, dat an deene leschte Joren net ëmmer de Fall gewiescht war.

D'Annie Nickels-Theis ass de leschten Donneschdeg scho vun hire Kolleegen am Gemengerot fir sechs weider Joren als Buergermeeschtesch designéiert ginn. Zu Buerschent gëtt nämlech den 11. Juni net gewielt, well sech do grad esou vill Kandidate gemellt hu wéi Mandater ze verdeele sinn.

"De Congé politique muss eropgesat ginn"

Déi al an nei Buergermeeschtesch vu Buerschent verlaangt méi Congé politique fir déi Responsabel a Majorzgemengen. D'Annie Nickels-Theis betount, datt déi 13 Stonnen, déi si zegutt hätt, hannen a vir net duergoe géifen. A klenge Gemenge misst de Buergermeeschter heiansdo Aufgaben iwwerhuelen, ëm déi sech a grousse Gemengen e ganze Service an der Verwaltung bekëmmert.

"De Congé politique muss eropgesat ginn. Ech soen elo awer net, datt et an enger Majorzgemeng e Vollzäit-Buergermeeschter muss sinn. Dat wier iwwerdriwwen. Obschonn et och Woche gëtt wou ech wäit iwwer 40 Stonne fir d'Gemeng ënnerwee sinn."

Fir d'Annie Nickels-Theis géife schonn eng Partie Stonnen, déi beim Congé politique bäikéimen, een Ënnerscheed maachen. Si ergänzt, datt och schonn eppes an der Maach wier, fir Stonne bäigesat ze kréien.