Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Claire Parsons - Nebula

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gesäit de Walkampf zu Wëntger aus?

Gemengewalen 2023

Wéi gesäit de Walkampf zu Wëntger aus?

Wëntger, déi flächeméisseg gréisst Gemeng am Land, kritt nom 11. Juni ganz sécher en neie Buergermeeschter. De Marcel Thommes vun der CSV, deen déi lescht 18 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung, geet nämlech net méi mat an d'Walen. Wéi gesäit de Walkampf elo aus?

auto_stories

2 min

Wëntger war viru 45 Joer déi éischt Gemengefusioun am Land. Haut liewe 4.800 Leit an de 27 Dierfer. Et ginn 21 Kierchen, déi all a Gemengebesëtz sinn. Et géif och kee Projet ginn, fir déi eng oder aner ze entweien, sou de Jeff Engelen de Moien hei op der Antenn. Hie féiert d'Lëscht vun der ADR zu Wëntger un.

"Vun deenen 21 Kierchen, déi mir hunn - mir hunn iwweregens och nach eng Privatkierch - wann een do géif eng Kierch, egal a wat fir engem Duerf, wëllen entweien, da bräicht een an deem Duerf als Partei net méi unzetrieden."

Am Häerzen eng Majorzgemeng?

Véier Parteien trieden den 11. Juni bei de Walen zu Wëntger un: CSV, LSAP, DP an ADR. D'Theemen aus den nationale Kaderwalprogrammer fir d'Gemengewalen - wéi Sécherheet, Mobilitéit oder Logement - spillen an de 27 Uertschafte vun där flächeméisseg gréisster Gemeng am Land quasi keng Roll.

Wéi ee Sënn maache Parteilëschten deemno an enger Gemeng, déi zwar schonn zënter 2005 nom Proporzsystem wielt, déi awer am Häerz ëmmer eng Majorzgemeng bliwwen ass? De Jeff Engelen mengt, datt de Seuil vun 3.000 Awunner fir no Proporz ze wielen am Fong vill ze déif wier. Dee misst senger Meenung no eropgoen, op 8.000 oder 10.000.

"Mir liewen elo mat deem Proporzsystem. Mee wann een awer d'Käpp kuckt, déi erauskommen, da sinn dat awer zu engem groussen Deel awer och déi, déi bei enger Majorzgemeng erauskomm wieren."

Eng ganz nei Wielerschaft

Den aktuelle Buergermeeschter geet also net méi mat an d'Walen. Ass den Tour elo um LSAP-Politiker Carlo Weber, dee bei de leschte Wale schonn déi meescht Stëmme kritt hat?

E Pronostic wier onméiglech, sot de Concernéiert selwer de Moien am 100,7-Interview, well d'Wielerschaft haut eng ganz aner wier, wéi nach viru sechs Joer.

An der Tatsaach, datt hien och Deputéierten ass, gesäit de Carlo Weber iwweregens éischter een No- wéi ee Virdeel: am Norden hätten d'Leit léiwer, et wier ee permanent do uewen, amplaz dacks an der Stad: dat wier allzäit säin Androck.