Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nëmme wéineg Clientë kënne Prêt net zréckbezuelen

Spuerkeess Bilan 2023

Nëmme wéineg Clientë kënne Prêt net zréckbezuelen

Op däitlech manner wéi ee Prozent chiffréiert d'Spuerkeess-Generaldirektesch d'Zuel vun de Clienten, déi an der Suite vun den Zënshaussë Schwieregkeeten hunn, hir Prêten zréckzebezuelen. Déi sougenannt Stresstester géife sech elo bezuelt maachen, sou d'Françoise Thoma.

auto_stories

2 min

D'Françoise Thoma ass Generaldirektesch vun der Spuerkeess. (Foto: Jo Diseviscourt)

Domat gemengt sinn d'Simulatiounen, déi d'Lëtzebuerger Banken zanter 2017 maachen ier se e Prêt accordéieren.

"Dat heescht an eisem Fall: mir hunn zwee Prozent Zënsen op den effektiven Zënstaux drop gerechent fir ze kucken, ob de Client och dee Montant als Remboursement nach géif verkraaften, ouni op der Limite ze sinn."

Datt also d'Zuel vun de Clienten, déi an der Suite vun den Zënshaussë Schwieregkeeten hunn, hir Prêten zréckzebezuelen, esou niddreg ass, léich haaptsächlech un dëse Stresstester, seet d'Françoise Thoma. De Kredit krut een nämlech nëmme, wann deen Test positiv ausgefall ass.

"Do ware vill leit verständlecherweis net frou driwwer, mee elo stellt sech awer eraus, datt dat déi richteg Mesure war. Dat heescht am Fong bezuelen d'Leit elo dat, wat mir deemools scho virausgesinn hunn."

Remboursement vum Prêt huet Virrang

D'Index-Upassung vun de Gehälter wier och eng Explikatioun fir déi relativ kleng Zuel vun Ausfäll beim Zréckbezuelen, sou d'Françoise Thoma. Si huet och drop higewisen, datt d'Spuerkeess pro-aktiv op déi Clienten zougaange wier, bei deenen et riskéiert hätt, brenzeleg ze ginn. Déi Leit hätten dann zum Beispill eng Stréckung vun hirem Prêt op méi Joer proposéiert kritt.

Als drëtte Grond nennt d'Françoise Thoma eng gewëss Prioritéit bei de Lëtzebuerger Residenten, fir de Remboursement vun hirem Prêt aneren Depensë virzezéien, déi net onbedéngt néideg sinn.