Radioen

On air

Notturno  |  Matthew E. White - Take Your Time (And Find That Orange To Squeeze)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sandweiler: LSAP wëll nei Buergermeeschtesch stellen

Gemengewalen

Sandweiler: LSAP wëll nei Buergermeeschtesch stellen

Zanter 30 Joer ass d'LSAP-Politikerin an der Sandweiler Lokalpolitik aktiv. Nom 11. Juni wëll si d'CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz ofléisen.

auto_stories

2 min

Zanter 30 Joer ass d'LSAP-Politikerin an der Sandweiler Lokalpolitik aktiv. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'LSAP trëtt den 11. Juni bei de Walen zu Sandweiler mat der Ambitioun un, d'CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz ofzeléisen. Dat huet déi lokal Spëtzekandidatin vun de Sozialisten Jacqueline Breuer am 100,7-Interview däitlech gemaach.

Et leeft "näischt méi" an der Gemeng

Si wäerft der schwaarz-grénger Majoritéit vir, sech zënter dem Referendum vu virun zwee Joer iwwer d'Zukunft vum Gemengenhaus just nach ëm déi lafend Geschäfter ze bekëmmeren. D'Loft wier eraus, sot d'Jacqueline Breuer.

"Et ass natierlech een déckt Stéck wann ee weess, datt 74 Prozent vun de Leit engem de Réck dréinen, wann een esou ofgestrooft gëtt. Mee ech mengen, et däerf een awer de Kapp net an de Sand stiechen."

Am Abrëll 2021 haten dräi Véirel vun de Wieler zu Sandweiler sech géint de Projet vum Schäfferot ausgeschwat, déi aktuell Märei ofzerappen an duerch en Neibau op därselwechter Plaz ze ersetzen.

Nach am Abrëll gëtt iwwer neie PAG ofgestëmmt

An engem Dossier ass awer nach Beweegung erakomm, seet d'Jacqueline Breuer.

"Et ass elo 5 vir 12, an elo soll op eemol am Hauruck-Verfahren nach en neie PAG duerchgeboxt ginn, wou déi austriedend Buergermeeschtesch emol net ka matstëmmen, well si selwer Terrainen huet a befaangen ass. Fënnef Joer ass näischt geschitt, an elo rappe si erëm un. An et ass dat wat mir kritiséieren."

Iwwer den neie PAG fir Sandweiler soll den 20. Abrëll am Gemengerot ofgestëmmt ginn.