Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Péiteng: CSV a Piraten si fir méi Police-Presenz

Gemengewalen

Péiteng: CSV a Piraten si fir méi Police-Presenz

D'CSV an och d'Pirate wënschen sech méi Police-Presenz zu Péiteng. Dat hunn d'Spëtzekandidate vun deenen zwou Parteien hei op der Antenn betount. Si ware sech awer net eens, wéi een am Beschte fir déi zousätzlech Police-Presenz ka suergen.

auto_stories

3 min

De Marc Goergen vun de Piraten hält d'Iddi vun enger zousätzlecher kommunaler Police nämlech net fir realistesch.

Goergen: Ee falscht Verspriechen vun der CSV

De Jean-Marie Halsdorf vun der CSV wëll déi Iddi awer net einfach esou ofschreiwen. Et géing dovunner ofhänken, wéi ee se opstellt.

"Déi Zäit, wou ech Policeminister war - ganz am Ufank 2005, 2006 - hat ech gekuckt fir een nationale Pool ze maache vu Polizisten, déi de Gemenge kéinten zur Verfügung gestallt ginn. Dat ass eng politesch Iddi, a fir déi weider ze developpéieren, do ass et un der grousser Politik fir dat ze maachen."

Fir de Marc Goergen vun de Pirate wier d'Iddi vun enger kommunaler Gemeng awer net ze realiséieren.

"Dat ass einfach e falscht Verspriechen, dat d'CSV de Leit wëll maachen. Dat ka jo net funktionéieren, well mir hunn elo nach net genuch Beamte fir déi national Police. An dann elo nach eng weider Struktur opbauen?"

De Marc Goergen fënnt, datt ee sech domadder géing agestoen, datt déi Reform vun 1999 vu Gendarmerie a Police gescheitert wier.

Diskussioune musse kommen

De Jean-Marie Halsdorf huet awer direkt dorop opmierksam gemaach, datt deemools den Alex Bodry vun der LSAP Police-Minister war. Fir de Marc Goergen ännert dat net vill, well "d'CSV war awer an der Regierung" deemools.

Trotzdeem fënnt de Jean-Marie Halsdorf, datt "een d'Saachen esou misst kucken, wéi se sinn". An et wier eng politesch Iddi, déi Sënn mécht, iwwer déi ee lo diskutéiere misst fir ze kucken, wéi se realisabel wier.

"An ech fannen et net gutt, wann een d'office Saachen ausschléisst. D'Iddi ass interessant, a mir mussen déi Problemer kucken, déi elo zu Péiteng sinn, an net dat wat iwwermuer ass. An do si mir gutt opgestallt. An och als CSV hu mir do eise Maximum gemaach."

Jean-Marie Halsdorf: D'Wieler "net uschmieren"

De Jean-Marie Halsdorf geet dann iwwerdeems net méi mat an d'Chamberwalen, wann hien zu Péiteng Buergermeeschter gëtt. Dat sot den CSV-Députéierten och am Kader vun dësem Face à Face. Hie wéilt d'Wieler net uschmieren, a just fir e puer Méint an d'Chamber sëtze goen, esou de Jean-Marie Halsdorf.

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet iwwerdeems betount, säin Zil wier et, mat de Piraten zweetstäerkst Partei zu Péiteng ze ginn:

"Da géinge mir eis bei de Sëtz verduebelen. A wann een d'Resultater vun den Europa- a Chamberwalen zu Péiteng kuckt, dann ass dat och realistesch."

Wann dëst Resultat Realitéit géing ginn, da wier een och bereet, mat an eng Koalitioun ze goen. Genau sou, wéi an all den anere Gemengen och, huet de Marc Goergen betount.